Réckbléck 2022 - Personell Changementer an der Regierung

2021 war jo schonn turbulent op en Enn gaange mat Demissioune vun direkt 3 Ministere bannent enger Woch.

D'Relève fir Dan Kersch, Romain Schneider a Pierre Gramegna gouf dunn Ugangs 2022 vereedegt. An am Fréijoer huet eng gréng Ministesch decidéiert ze goen, dat well hiren Numm am Zesummenhang mat enger bekannter Geriichtsaffär zirkuléiert war.