Réckbléck 2022 - Energie esou wichteg wéi nach ni

D'energetesch Transitioun geeschtert als Thema schonn zanter Joren duerch de politeschen Discours.

Allerdéngs koum eréischt 2022 duerch de russeschen Iwwerfall op d'Ukrain richteg Beweegung an den Dossier. Alternativ Energiequellen, beispillsweis Solarpanelen, Wäermepompelen oder Pellets, gi vum Staat deels massiv finanziell gefërdert, fir net méi vu fossillen Energien aus onzouverlässege Länner ofhängeg ze sinn. Ma och beim Mazout an zäitweis beim Sprit huet de Staat Sue bäigeluecht. Déi grouss Majoritéit vun de Leit fiert nämlech weider een Auto mat Verbrennungsmotor. Dat läit wuel och dorun, datt et bei der Infrastruktur fir elektresch Gefierer ze lueden nach vill Loft no uewe gëtt. Ee Réckbléck vum Marc Hoscheid.