Réckbléck 2022 - Gesondheetssecteur

Eise Réckbléck op déi lescht 12 Méint am Secteur vun der Santé.

2022 huet am Gesondheetssecteur net nëmme méi de Coronavirus beschäftegt. Déck Loft gouf et ënner anerem wéinst der Auslagerung vu Spidolsservicer, wéi IRMen. Och iwwert d’Ausbezuele vun de Garden an Astreinten gouf laang diskutéiert. Am Nordspidol hunn iwwerdeems d’Fermeture vun der Maternité an d’Kënnegung vu Cardiologen Suerge gemaach. Et war deemno en turbulent Joer am Gesondheetssecteur.