Apple Share
Télévie (Radio)
Den Télévie ënnerstëtzt d'Recherche géint de Kriibs a speziell géint d'Leukemie bei de Kanner.
Play

Play episode

Solidaritéit mam Télévie: Oustertour mam Oldtimer
Den Télévie ënnerstëtzt d'Recherche géint de Kriibs a speziell géint d'Leukemie bei de Kanner.
Play
26/04/2025 (35s)

Solidaritéit mam Télévie: Oustertour mam Oldtimer

Wann d'Veräiner vu Brotebaach eppes organiséieren, dann kann ee sécher sinn dass et eppes gëtt an dass vill Leit um Rendez-vous sinn. Ouschterméindeg waren si nees aktiv an de Carlo Weber mécht eis de Rapport.
Play
26/04/2025 (2m 12s)

Centre de Promesse Dippech

A fir eng leschte Kéier schalte mir nach emol op Dippech, do wou d'Carine Lemmer an de Roy Grotz de ganzen Dag am Asaz waren.
Play
26/04/2025 (4m 18s)

Centre de Promesse Schengen

Fir d'Annick Goerens an de Christian Schmit ass et elo déi leschten gemeinsam Interventioun op der Musel an et kéint net besser gewiescht sinn.
Play
26/04/2025 (3m 55s)

Centre de Promesse Rodange

T'ass fir 24. Kéier dass Rodange beim Télévie derbäi ass, an am Centre de Promesse zu Rodange ass d'Stëmmung um Héichpunkt!
Play
26/04/2025 (1m 43s)

Centre de Promesse Käerch

Mir schalten nach eng leschte Kéier op Käerch fir eng weider Scheckiwwerreechung. Knapp 40.000€ un Doen goufe bis ewell op der Bün un den Télévie gespent. d'Marlène Clement an de Pit Everling verroden eis wéi vill elo nach dobäi kënnt.
Play
26/04/2025 (28s)

Solidaritéit mam Télévie: Kannerfuesbal vun de Feldmais

Eng ganz trei Ekipp vum Télévie sinn Feldmais, also d'Scouten vun der FNEL. Net een Joer wou se sech net mat engem décke Scheck mellen. An d'Claire DE Jager verréit wéi d'Suen zesummekoumen.
Play
26/04/2025 (21s)

Solidaritéit mam Télévie: Secondhand Kleeder

Dass ee sech bei Kleeder och emol midd gesinn kann, an een léiwer aner Wuert keeft fir Ofwiesslung a sengem Kleederschaf ze hunn, kann och den Télévie profitéiere loossen. D'Sylvie Hames-Nosbusch weess dass dann Kleeder nach net onbedéngt ausgedéngt hunn.
Play
26/04/2025 (19s)

Solidaritéit mam Télévie: Lycée Michel Rodange Charity Run

Och verschidde Schoulen aus dem Land bedeelegen sech um Télévie. Op et lo drëms geet Informatiounen ronderëm d'Kriibsfuerschung ënnert d'Schüler ze bréngen oder selwer Suen ze sammelen wéi de Lycée Michel Rodange am Mäerz dëst Joer, am Kader vun de 'Fuussendeeg', Leena Dams.
Play
26/04/2025 (27s)

Solidaritéit mam Télévie: Charity Dinner

Am Kader vun der Aktivitéit 'Schneekstuff' war den 02ten Juli vum leschte Joer e ganz besonneschen Charity-Dinner, wou ënnert der Leedung vum Laura Ludovicy an dem Désirée Schmit-Rock eng 20 fräiwëlleg an talentéiert Schüler vun der Ecole Internationale Mondorf-les-Bains, hier Kachkonscht ënnert Beweise stelle konnten.
Play
26/04/2025 (35s)

Solidaritéit mam Télévie: Haupeschfest zu Bäerdref

Sou laang wéi et d'Haupeschfest zu Bäerdref gëtt, sou laang kritt och den Télévie ëmmer e gutt Stéck vum Benefice mat of. d'Linda Hartmann ass d'Präsidentin vun de fläissegen Fraen a Mammen Bäerdref déi elo schonn bestëmmt un der nächster Editioun schaffen.
Play
26/04/2025 (23s)

Solidaritéit mam Télévie: Marche vun den Uelzecht Tramps Lëntgen

Wéi heescht et am Lidd: 'un kilomètre a pied ça use les souliers', mee wéi bei den Trëppler vun den Uelzecht Tramps vu Lëntgen, kënnt um Enn och nach eppes fir den Télévie eraus.
Play
26/04/2025 (37s)

Solidaritéit mam Télévie: Dîner Vinslux Télévie

Wéi all Joer war och dëst Joer nees den Dîner Vinslux Télévie. E super Dîner mat 7 gastronomesche Gäng an do derbäi dierfen eng gutt 10 Wäiner net feelen. De Claude François vu Vinslux iwwerléisst kengem aneren déi Aarbecht fir déi erauszesichen an als éischt ze schmaachen.
Play
26/04/2025 (26s)

Solidaritéit mam Télévie: Moudendéfilé zu Zolwer

Zu Zolwer am Festikuss gouf den 23ten Mäerz ganz op d'Moud gesat, fir eppes fir den Télévie ze maachen. Wéi déi Verbindung zustane koum weess d'Catia Amodio.
Play
26/04/2025 (2m 1s)

Centre de Promesse Dippech

De Roy Grotz an d'Carine Lemmer ginn net méi fäerdeg déi vill Schecken entgéint ze huelen..
Play
26/04/2025 (22s)

Solidaritéit mam Télévie: Tournoi de sixte

De 6ten Juli vum leschte Joer huet PROgroup seng 17t Editioun vum 'Tournoi de Sixte Inter-Construction' organiséiert, an et war déi zweete Kéier dass den Télévie heivunner profitéiert huet, Marie-Laure Jacquet.
Play
26/04/2025 (12s)

Solidaritéit mam Télévie: Aktioun vun der Bäckerei Jos a Jean-Marie

Si stinn all Joer do wéi d'Mëtsch am Buttek a bréngen eis e Scheck dee se mat lauter Schneekegkeeten zesummekruten, an och dëst Joer hunn d'Bäckerei a Patisserie Jos a Jean-Marie an hire Filialen nees vill verkaaft wat d'Keess vum Télévie e gutt Stéck wuesse léisst.
Play
26/04/2025 (3m 19s)

Centre de Promesse Schengen

Mir schalten nach eng Kéier op d'Musel. Do sinn d'Annick Goerens an de Christian Schmit schonn zanter de Moie fréi ënnerwee. Mëttlerweil sëtzen d'Wéngerten zu Remerschen voller Leit an et koum nees masseg eppes um Télévie-Compteur derbäi...
Play
26/04/2025 (25s)

Solidaritéit mam Télévie: Dinner Concert 'A Schwall's'

Fréier huet dat 'Caravelle' geheescht, elo huet de Claude Lang zu Bartreng de Restaurant iwwerholl a nennt d'Haus 'A Schwall's'. Genee virun engem Mount hat de Chef op en Dinner Concert invitéiert wou et nieft der Musek Rieslingspaschtéit, Ham, Fritten an Zalot, Rubbarbstaart oder e vegetaresche Menu gouf.
Play
26/04/2025 (28s)

Solidaritéit mam Télévie: Wine Tasting am Threeland Hotel zu Péiteng

Frënn vu gudde Saachen hunn och ganz dacks e grousst Häerz. De Jeff Schockmel gehéiert zum House of Wine, déi den 23ten November 2024 an de ThreeLand Hotel op Péiteng invitéiert haten fir eng 90 ausgewielten Wäiner ze schmaachen. Op der Kaart stoungen gutt Lagen aus Lëtzebuerg, Däitschland, Italien, Spuenien, Portugal, Éisträich a Frankräich.
Play
26/04/2025 (1m 36s)

Centre de Promesse Rodange

D'Zelt vum Centre de Promesse zu Rodange ass struppevoll! Elo just nach huet d'Laura Thorn hei "la Poupée monte le son" zum beschte ginn an d'Stëmmung zum Kache bruecht...
Play
26/04/2025 (2m 43s)

Centre de Promesse Käerch

Mir schalten eng weider Kéier op Käerch an de Centre de Promesses. Am Weste gouf mat diversen Aktivitéite fläisseg gesammelt fir den Televie.  Eng ganz Partei Veräiner oder aner Acteuren hunn awer och einfach an hir Keess gegraff fir en Don ze maachen. Marlène Clement a Pit Everling
Play
26/04/2025 (9s)

Solidaritéit mam Télévie: Péckvillchen zu Gonschten vum Télévie

Et ass emol nach keng Woch hier, do huet een d'Péckvillercher mat hirem Gesang a Gepäiffs um Fëschmaart an zu Nouspelt gehéiert. D'Eimäischen war e groussen Erfolleg an dat freet och den Télévie.
Play
26/04/2025 (35s)

Solidaritéit mam Télévie: Don Aplaz Cadeaux de fin d'année

Dass eng Firma un hir Clienten denkt, awer och u sech selwer an hire Profit ass normal. Bei der Firma Marco Zenner vun Éilereng ass dat nach e Stéck aneschter. En Traditiounsbetrib féiert eng laang Traditioun beim Télévie weider. Den Henri Watrinelle stellt de Betrib a seng lueweswäert Iddi vir.
Play
26/04/2025 (30s)

Solidaritéit mam Télévie: Tennis Club Junglinster

500 aktiv Memberen huet den Tennis Club Junglinster, déi och reegelméisseg Tenniscoursen organiséieren. de 6ten Juli 2024 war e groussen Dag mat villen Aktivitéiten op hirer Anlag wou och nieft dem sportlechen Deel, gutt gefeiert gouf, an och den Télévie konnt de Grapp ophalen.
Play
26/04/2025 (13s)

Solidaritéit mam Télévie: 36t Jippelchersausstellung mat Ouschtermoart

Ugangs de Mounts hat d'Société Avicole Bieles eng grouss Manifestatioun am Festikuss zu Zolwer um Scheierhaff organiséiert an hei wollten se den Télévie mat abezéien. Ënnert anerem gouf et e Mierschwéngerchers-Führerschäin an e Fëscherspill. De Frank Gilbertz huet eng positiv Matdeelung ze maachen.
Play
26/04/2025 (27s)

LS 10 Solidaritéit mam Télévie: DrawnStars fir den Télévie

D'Lynn Kunnert ass eng talentéiert awer och engagéiert Kënschtlerin déi hiert Talent an d'Zeechen vum Télévie setze wollt. Dofir huet se no enger grousser Virbereedungszäit an hirem Atelier, den 23ten November an de Shopping Zenter Belle Etoile invitéiert wou bei enger Stee d'Biller ënnert den Hummer koumen.
Play
26/04/2025 (1m 58s)

Centre de Promesse Dippech

Virum Mëtteg geet et nach mol bei d'Carine Lemmer an de Roy Grotz, déi dach baff sinn iwwert de rise Programm, dee vun der Gemeng extra fir den Televie op d'Bee gestallt gouf
Play
26/04/2025 (19s)

Solidaritéit mam Télévie: Ofschloss 100 Joer C.A. Spora

Um Pabeier ass de C.A. Spora vläicht an d'Joren komm, mee se hunn nach ëmmer jonk Iddien am Kapp, soss hätte se wuel net beim Gefeiers vum ronnen Anniversaire un den Télévie geduecht.
Play
26/04/2025 (25s)

Solidaritéit mam Télévie: 3D Print Stand

Den Télévie innovéiert och ëmmer nees fir mat neien Iddien eng nei Clientèle ze erreechen, dass se e puer Euro spent. An dësem Fall kënnt d'Iddi vun engem jonken Nolauschterer aus dem Norden vum Land. 
Play
26/04/2025 (1m 41s)

Centre de Promesse Käerch 10h20

Mir schalten nach eng Kéier an de Centre op Promesse op Käerch. Do sinn d’Marlène Clement an de Pit Everling scho vun de Moie fréi un ënnerwee. Viru 7 goufe schonn déi éischt Schecke vun de Kommissioune vun der Gemeng entgéint geholl. Kuerz no 9 war déi zweet Scheckiwwerreechung mat ganzer 6 Schecken an do lauschtere mer elo emol eran..
Play
26/04/2025 (10s)

Solidaritéit mam Télévie: LOF Oldtimer Tour fir den Télévie

Wann d'Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun LOF en Tour duerch d'Land organiséiert, dann verbanne se dat och gären mat enger Zort Rallye wou et verschidde Kontrollpunkten gëtt wou een e Stempel kritt, awer och Betriber entdecke kann oder an e Musée eragoen kann fir ze virwëtzen. Den Télévie gouf awer net vergiess, ganz am Géigendeel.
Play
26/04/2025 (14s)

Solidaritéit mam Télévie: Cadeaux de fin d'année

Wien freet sech net iwwer e Kaddo um Enn vum Joer, wann de Patron un een denkt. d'Manon Schmit vun der AXA Agence vun Biergem huet awer eng Formule fonnt, wéi och den Télévie eppes dervunner huet.
Play
26/04/2025 (18s)

Solidaritéit mam Télévie: Tournoi FC Eisebunn 97

Fussball ass déi schéinst Niewesaach vun der Welt, a wann dann och nach den Télévie profitéiert wéi hei beim FC Eisebunn 97, dann rentéiert et sech direkt 2x.
Play
26/04/2025 (2m 17s)

Centre de Promesse Dippech

Dippech war och de Moie scho fréi um Dill fir dëse groussen Dag, op der Plaz sinn am Centre de Promesse dëst Joer d'Carine Lemmer an de Roy Grotz, déi sech de Programm ugekuckt hunn an dankbar si fir déi vill Schecken.
Play
26/04/2025 (3m 7s)

Centre de Promesse Schengen

Zu Rëmerschen an der Gemeng Schengen halen de Christian Schmit an d'Annick Goerens d'Stellung a freeë sech fir déi vill Schecken entgéint ze huelen.
Play
26/04/2025 (1m 45s)

Centre de Promesse Rodange

E feste Bestanddeel vum Télévie ass zanter 2001 de Centre de Promesse Rodange. 19'802,38 € goufen de Moie schonn a Form vu Schecken zu Rodange iwwerreecht, de Laurent Gillander an de Jean-Marc Turmes wësse wéi déi sech zesumme setzen...
Play
26/04/2025 (1m 36s)

Centre de Promesse Käerch

Sport, Aktivitéite mat Déieren, séier Autoen sou wéi Iessen an Drénken: Käerch steet haut ganz am Zeeche vum Televie.  Am Centre de promesses am Zentrum vum Duerf si fir eis de ganzen Dag d'Marlène Clement an de Pit Everling
Play
26/04/2025 (15s)

Solidaritéit mam Télévie: Knëppelbal

Et sinn verschidden Manifestatiounen déi falen duerch hire speziellen Numm op, an dann weess een och direkt wouhin. Beim 'Knëppelbal' ass dat net aneschter, Michèle Duschang.
Play
26/04/2025 (13s)

Solidaritéit mam Télévie: DKV Urban Trail 2024

De Moment stinn d'Organisateuren an d'Leefer an de Startlächer fir den DKV Urban Trail, mee de José Azevedo kuckt nach emol zréck op d'Editioun 2024 wou den Télévie och quasi bei jidderengem matgelaf ass.
Play
26/04/2025 (29s)

Solidaritéit mam Télévie: En Daag fir den Télévie

De 16ten Mäerz bleift all deenen a gudder Erënnerung déi zesummen mam Syndicat d'Initiative Kiischpelt trëppelen waren, an och den Télévie huet dovunner profitéiert, Romain Kaiser.
Play
26/04/2025 (22s)

Solidaritéit mam Télévie: Porte Ouvertes Ets Léon Steffes SA

Zu Alzeng gëtt et e Betrib deen fir seng Portes ouvertes d'lescht Joer och un den Télévie geduecht hat. Eng ganz originell Iddi huet sech fir den Télévie bezuelt gemaach, Jacques Steffes.
Play
26/04/2025 (26s)

Solidaritéit mam Télévie: Méischdrefer Chrëschtmaart

Schéin Erënnerungen un de Méischdrëfer Chrëschtmaart gëtt et mam Manon Krippes, déi och dëst Joer ënnert hirem Kënschtlernumm e Stand hat, a wou et sech fir den Télévie rentéiert huet.
Play
26/04/2025 (33s)

Solidaritéit mam Télévie: Movember-Aktioun

Et gëtt Privatleit déi eppes fir den Télévie maachen, et gëtt vill Veräiner déi un eis denken wann si eppes organiséieren, an dann gëtt et awer och eng Partie Firmen déi bei verschiddenen Aktiounen den Télévie mat an d'Boot huelen, Philipp Hettinger.
Play
25/04/2025 (5m 11s)

Télévie Center Schengen

Déi ganz Woch iwwer maache mer den Tuer duerch d'Centre de Promesses. De Moien fréi war de Raoul schonn zu Schengen. Fir d'éischt am Gemengenatelier, duerno an der Sportshal.
Play
25/04/2025 (5m 6s)

Télévie Center Schengen

Nodeems mer de Moien schonn héieren hunn, dass an der Gemeng Schengen schwéier geschafft gëtt, huet et de Raoul elo an d'Schoul verschloen.
Play
25/04/2025 (4m 11s)

Télévie Center Schengen

Nodeems mer en Dënschdeg zu Dippech ugefaangen hunn, e Mëttwoch zu Käerch waren a gëschter zu Rodange, schléisse mer dann haut eisen Tuer duerch d'Centre de Promesses of. An dat mat Schengen.
Play
23/04/2025 (2m 59s)

Télévie Zenter Käerch

Fir Käerch ass et eng Première als Téléviezenter. Si hunn d'Missioun ugeholl a waren zanter November fläisseg. An hir Aktivitéiten déi se bis elo organiséiert hunn loossen sech weisen. Après-Ski, Jump the castle, Afterwork goes Gin. Do war eppes fir all Muskelen derbäi, a se sinn nach laang net um Enn vun hiren Iddien ukomm, Patrick Greis.
Play
23/04/2025 (3m 47s)

Télévie Zenter Käerch

Fir sech als Téléviezenter ze qualifizéieren brauch een gutt Iddien, vill Leit, et muss ee spontan sinn an et brauch een e laangen Otem. All dës Critèren treffen op Rodange, Schengen, Dippech a ganz speziell op Käerch zou, an dofir goufen si d'lescht Joer am November och nominéiert a setzen alles drun e Samschdeg hirem Numm all Éier ze maachen.
Play
23/04/2025 (5m 2s)

Télévie Zenter Käerch

D'Häerz vum Télévie schléit dës Woch besonnesch séier an deene 4 Gemengen wou e Samschdeg d'Final mat engem groussen Duerffest gefeiert gëtt. Déi lescht Wochen a Méint hu se no Iddien gesicht fir d'Leit ze lackelen, an elo geet et drëms déi ëmzesetzen an op d'Schinn ze bréngen. Wéi déi lescht Ligne droite am Téléviezenter Käerch ausgesäit weess de Patrick Greis, well hien ass hautno drun.