Rodange weist Häerz fir den Télévie
19/04/2021

Hu der de Moien schonn eng BA gemaach? Wann net dann ass et nach net ze spéit. Mir hunn de Moien kuerz no 06h30 eis Téléviewoch ugefaange, a sou laang wéi déi dauert kënnt dir och zu all Moment bei eis uruffen op där Nummer déi Iech bekannt virkënnt. Den 80 02 66 66. Déi gëllt vun haut un a bis e Samschdeg mat fir dass mir méiglechst vill Suen fir d'Fuerschung zesummen kréien. All Euro zielt, an dëst Joer ëmsou méi, well een jo nach ëmmer keng Fester organiséiere kann wou vill Suen erakommen.
20 Joer sinn e laangen Dag, a soulaang ënnerstëtzt Rodange als Centre permanent den Télévie. Se weisen vill Engagement, an hunn och ëmmer e schéint Resultat an dorunner hunn och déi politesch Responsabel hiren Merite an all deene Joren.
