D'Equipe hannert dem Télévie Rodange

19/04/2021
D'Equipe hannert dem Télévie Rodange
Play

E Samschdeg 24 Abrëll ass de groussen Ofschlossdag vum Télévie. Dann ass ee gewinnt dass a 5 Zenter grouss Fester organiséiert ginn. Och 2021 ass dat nach net méiglech, awer mir maachen dat Bescht draus fir d'Kriibsfuerschung weider ënnerstëtzen an dofir brauche mir Iech. Hëlleft eis hëllefen a gitt der Hoffnung eng Chance andeems der elo direkt schonn urufft um Tel. 80 02 66 66. Vu Moies 06h30 bis owes 09h00 ass déi Nummer vun elo un besat, an dat bis e Samschdeg mat, dofir rufft un a maacht aer Promesse de don.
Dës Woch schalte mer awer och all Dag an en aneren Zenter a fir unzefänken ass dat de Centre permanent op Rodange déi sech all Joer hir ginn fir Aktivitéiten z'organiséieren, an dofir hu se eng arodéiert Equipe.