Télévie - Konschtstee am Trifolion zu Iechternach

19/04/2021
Télévie - Konschtstee am Trifolion zu Iechternach
Play

Zejoert war näischt wie soss, dat gëllt och fir d'Finale vum Télévie 2020 an di sëllege Manifestatiounen di um Ufank vun der Pandemie sollten organiséiert ginn. Betraff dovu war och den Organisatiounscomité vun Iechternach déi deen Ament hier éischt Konschtstee wollten ofhalen. Déi huet een dunn awer kuerzfristeg missten ofsoen. A soulaang hunn dann 31 Tableauen a Skulpturen missen op d'Säit geluecht ginn éiert se elo dëse Mëttwoch um 19 Auer Owes am Trifolion endlech ënnert den Hummer kommen. D'Violetta Caldarelli war bis dohinner kucken.