Télévie - Den Dj Nosi erzielt vu senger Leukemie

21/04/2021
Télévie - Den Dj Nosi erzielt vu senger Leukemie
Play

Nodeems den Eric Nosbusch am Februar 2020 d'Diagnose „Leukemie“ krut, huet sech säi Liewen net nëmmen duerch d'Pandemie komplett geännert. No 3 Chemotherapien an enger Stammzellespend ass hien elo, ee Joer drop, nees op de Been an ka nees dat am Liewe maachen, wat him am meeschte Spaass mécht. Den 21 Joer jonke Mann ass nämlech an der Lëtzebuerger Clubszene keen onbekannte Gesiicht. D'Fabienne Zwally war hien an de Studio besichen.