Télévie - selwer gebitzten Häerzer fir de gudden Zweck
22/04/2021

D'Ganzt Joer iwwer hu privat Leit, Benevollen, Veräiner, Associatiounen a Firme sech fir den Télévie agesat, Donen gesammelt a sech domadder fir d'Lutte géint de Kriibs staark gemaach. Bedéngt duerch d'Pandemie goufen och dëst, wéi d'lescht Joer keng Evenementer organiséiert, an et sinn aner Weeër fonnt ginn, fir Solidaritéit a Matgefill mat Betraffener ze fannen. Esou och beim Carole a Chantal déi Häerzer fir den Télévie gebitzt hunn. De Philippe Dondelinger huet déi zwou engagéiert Damme besicht.
