Télévie - „Loosst eise klengen Engelchen eng leschte Kéier ronderëm d’Welt reesen”
23/04/2021

"Säi Kand ze verléieren, do gëtt eng keng Gerechtegkeet. Dee Wéi deen ee spiert ass onbeschreiflech.” Dat sinn d’Wieder vum klenge Luna sengem Papp. D’Meedchen ass mat nëmmen annerhallwem Joer gestuerwen. Un enger Tumeur am Gehier. An dat nëmmen een Dag nodeems d’Diagnose gestallt gouf. D’Famill Funk-Barthel huet dat Schlëmmst duerchgemaach wat eng Famille duerch maache kann. An nawell haten si d’Kraaft an de Courage eis ze erzielen wéi si hiert klengt Luna hu misse goe loossen. D'Rosa Clemente war si besichen.
