Télévie
24/04/2021

Zanter de Moien 7 Auer ass eisen Callcenter nees besat, an dat geet elo riicht duerch bis um Enn vun eiser grousser Télévie-Sendung op der Telé.
Freed a Leed leien beim Télévie ganz no beieneen. Op där enger Säit gëtt sech iwwer grouss Schecken gefreet, an op där anerer Säit sinn et awer och ëmmer nees déi traureg Geschichten déi un een ginn, an een net kal loossen.
