Terrassentour 6/2018

Eng vun den neisten Terrassen am Land fënnt een zu Hesper, am Neibau direkt nieft der Gemeng. Den 1. August 2018 huet de Restaurant Hesper Park opgemaach.

De Jan Schneidewind, en bekannten Gesicht an der Lëtzebuerger Gastronomieszene, huet déi ëffentlech Ausschreiwung fir dësen Espace gewonnen. Zesumme mam Bruno Gosset, dem Gerant vun dem Restaurant, huet hien en Konzept ausgeschafft. Eng pedagogesch a nohalteg Kiche steet am Virdergrond. Lokal, Bio a Fairgehandelt Produite gi verschafft. Et setzt een op eng modern Kichen, ma och traditionell Platen sinn ënnert den 20 op der Kaart ze fannen. 7 Deeg op 7 kann een heihinner Mëttes an Owes iesse kommen.