Apple Share
Play
3m 17s

Journées du Patrimoine: Historesch Sitten an engem neie Liicht erliewen

Während enger gudder Woch soll de Leit an Europa hire Patrimoine méi nobruecht ginn. Dat op de Journées Européennes du Patrimoine, un deenen och zanter Jore Lëtzebuerg mat diversen Aktivitéiten -  vu Visitt guidéen iwwer Atelieren oder Konferenzen - deelhëlt. Ma lo gëllt et opzepassen, wëll Interesséiert mussen sech bei deenen diversen Organisateuren umellen. Diana Hoffmann
Play
3m 45s

Däitschland: Leschten Debat virun de Walen

A manner wéi 3 Woche sinn an Däitschland Bundestagswalen. Am Bundestag war haut dee leschten Debat, mat der Bundeskanzlerin Angela Merkel, déi d’Land 16 Joer regéiert huet. Eigentlech sollt et iwwer d’Situatioun an Däitschland goen. Wei awer ze erwaarde war, war et um Enn eng Wahlkampfshow. D’Kanzlerkandidaten hunn net mat Kritik un hire Kontrahente gespuert. Diana Hoffmann
Play
4m 22s

Ënnerwee op Stater Gare: Temoignage vun enger Serveuse aus dem Café "Le Périgord"

E Mann kritt vun engem Hond an d'Been gebass. Den Hondsmeeschter, een Agent vun enger privater Sécherheetsfirma, kritt d'Déier net an de Grëff. Dës Zeenen vun engem Video hunn d'Debatt ronderëm d'Sécherheet op der Stater Gare op en Neits lancéiert. Mir hunn bis ewell d'Stëmmen vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer, dem Policeminister Henri Kox an der politescher Oppositioun an der Gemeng Lëtzebuerg héieren. Ma den Owend ass et - exklusiv-  een Temoignage vun enger Persoun déi bei dësem Incident leschte Samschdeg Owend derbäi war an déi d'Affer souguer gutt kennt. D'Annick Goerens war haut fir eis am Bistro "Le Périgord"
Play
2m 48s

20. Editioun vun der europäescher Mobilitéitswoch gouf presentéiert

Haut an enger Woch ass den Optakt vun der 20. Editioun vun der europäescher Mobilitéitswoch. Thema dëst Joer ass "Beweeg dech a bleif gesond!". Aktuell sinn 21 Gemengen ugemëllt, et wier deemno nach Sputt no uewen huet den Transportminister de Mëtteg bei der Presentatioun betount, Claudia Kollwelter
Play
2m 58s

Lëtzebuerger temoignéieren, wéi si 9/11 erlieft hunn

Muer ass et 20 Joer hier, dass bei Terroruschléi zu New York d’World Trade Centers an och Deeler vum Pentagon zu Washington zerstéiert goufen. Ob d’mannst 3.000 Mënschen hunn hiert Liewe verluer, 6.000 goufe blesséiert. Wann een d’Leit haut freet, wat se den 11. September 2001 gemaach hunn, erënneren sech di meescht. Och d’Françoise Poos déi den Ament do gelieft huet, an de Schrëftsteller Pierre Joris, deen zanter laanger Zäit an den USA lieft. Si temoignéiere wéi si den Dag erlieft hunn, a wéi si d’Suitte vum Uschlag wäerten. Diana Hoffmann
Play
3m 16s

Knapp 7000 Kanner a Jonker waren an der Summerschool.

D'Schoul fänkt offiziell dës Woch erëm un, mä fir e puer Dausend Schüler war d'Vakanz schonn Enn August eriwwer. Si waren nämlech an der Summerschool ageschriwwen, fräiwëlleg Rattrapagecoursen, déi de Kanner an deene Jonken et erméiglechen eventuell Retarden opzeschaffen ier dat nächst Joer ugeet. De Ministère huet déi Coursen elo fir déi zweete Kéier organiséiert, Dany Rasqué
Play
2m 35s

Karschnatz 2021: Liicht Abousse bei Qualitéit a Quantitéit

Am Fréijoer huet et nach villverspriechend ausgesinn op de Lëtzebuerger Felder. Ma dee ville Reen am Juli an och deels am August während dem Karschnatz, huet zu Abousse bei der Qualitéit an och bei der Quantitéit vun der Recolte gefouert. De Moie gouf zu Housen bei der Bauere Kooperativ BAKO zesumme mam Landwirtschaftsminister an de Representanten aus dem Secteur de Bilan vum Karschnatz dëst Joer gemaach. Maxime Gillen.
Play
3m 25s

Zukunft vun Europa

"Loosst vun Iech héieren. Deelt Är Visioun iwwert d'Zukunft vun Europa."Dee Message lancéiert d'Chamber am Kader vun der Konferenz iwwert d'Zukunft vun Europa.  D'Haaptiddi vun där Konferenz besteet doran, datt all europäesche Bierger egal vu wou en ass, ka soen wat hien vun der Europäescher Unioun erwaard a säin Avis iwwert d'Evolutiounen an der EU ka ginn.  Dat soll online geschéien, mä ass awer och virgesinn, datt all Memberland zousätzlech Evenementer kann organiséieren.  Zu Lëtzebuerg gouf an der Chamber eng "Sous-Commissioun" gegrënnt, an där 7 Deputéiert sinn. Hier Roll ass et notamment déi verschidde Konferenzen an Aktivitéiten z'organiséieren. Déi éischt goufen haut virgestallt, Dany Rasqué
Play
3m 13s

Rentrée Grondschoulen: Wéi hunn Kanner, Elteren an Enseignanten den 1. Dag erlieft?

Haut um 15. September war d'Rentrée an der Grondschoul. Fir knapps 60.000 Schüler an de Cyclen 1 bis 4 war et deemno den éischte Schouldag. Och am Fondamental hei um Kierchbierg, wou d'Claudia Kollwelter de Moien de Bols bei de Kanner, den Elteren an den Enseignantë gefillt huet:
Play
2m 58s

Charles Michel op Visitt zu Lëtzebuerg

Den EU-Rotspresident war haut op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg. De Klimawandel, d'Corona-Pandemie an d'Situatioun am Afghanistan ware bei enger Entrevue mam Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel nëmmen e puer vun de Sujeten déi diskutéiert goufen.An enger gemeinsamer Pressekonferenz huet de Charles Michel e grousse Fokus op déi europäesch Valeure gesat, Claudia Kollwelter
Play
3m 54s

Initiative Devoir de Vigilance fuerdert weider e nationaalt Liwwerkettengesetz

"D'Fräiwëllegkeet geet einfach net duer!" Dat war eng vun de Käraussoen de Mëtteg op enger Pressekonferenz vun der Initiative Devoir de Vigilance déi weider fuerderen datt mer hei zu Lëtzebuerg e Liwwerkettengesetz kréien. Mir bräichten e nationalt Gesetz dat Betriber zwéngt sech fir de Respekt vun de Mënscherechter an der ganzer Liwwerketten anzesetzen soen déi 17 ONG'en a Gewerkschaften vun der Initative an hunn an tëscht och Entreprisen aus dem Finanz- a Bausecteur déi hinnen bei där Fuederung de Réck stäipen, Claudia Kollwelter
Play
3m 1s

Nei Campagne: Géint sexualiséiert Gewalt bei Kanner

Schwätzen, wouriwwer ee jorelaang net schwätze konnt – d'ECPAT a KJT, 2 Associatiounen, déi sech géint de sexuelle Mëssbrauch vu Kanner asetzen, ruffen an enger neier Campagne dozou op méi iwwert d'Material dat bei sexuellen Iwwergrëffer op Kanner entsteet ze schwätzen. Zanter Joren, tauchen ëmmer méi Foto a Video Material um Internet op wou Kanner géint hire Wëllen zu Geschlechtsverkéier oder aner Akte forcéiert ginn. D'Zill vum Opruff ass et d'Ëmstänn ze ënnersichen déi dozou bäigedroen hunn, datt Kanner iwwerhaapt sexualiséiert Gewalt missten erliewen a wat dozou bäigedroen huet, datt dës guer net oder eréischt ganz spéit gehollef kréien. Den Tim Morizet mat den Detailer.
Play
3m 22s

Dan Kersch: Gesetzleche Kader géint Mobbing a Recht op Ofschalten kommen

E Méindeg huet en nach bei eis op der Antenn annoncéiert, net méi an eng nächst Regierung ze goen an deemno wéi och säi Mandat net fäerdeg ze maachen. Haut de Moien wollt den Dan Kersch awer ee ganzt anert Bild vermëttelen. Den LSAP-Aarbechtsminister huet um Rousegäertchen ganzer dräi Gesetzprojeten presentéiert. Vu Kuerzaarbecht, iwwer Recht of Ofschalten bis hin zu Mobbing. Claude Zeimetz
Play
2m 50s

Erkläerungsvirsich no den déidlechen Stroossenaccidenter vu Sécurité routière an AVR

Gëscht den Owend koum et tëscht Féiz a Steebrécken zu engem schroen Accident. De 24 Joer ale Chauffeur hat e Bam ze pake kritt an ass nach op der Plaatz gestuewen. Et war deen drëtten déidlechen Accident an Zäit vun nëmme 5 Deeg. D'Associatioun vun der Sécurité routière an d'Victimes de la route gesinn e puer méiglech Erklärungen. Anne Wolff
Play
3m 25s

Youth for Climate: D'Politik huet de Noutstand net erkannt!

Fir d'Politik haaten déi Jonk, déi haut fir de Klimastreik op d'Strooss gaange sinn, net vill Guddes iwreg. Ze lues, ze onkonkret, ze wéineg sozial. Déi aktuell Klimapolitik géing weisen, dass de Noutstand net erkannt ginn ass. Dat fannen d'Organisateuren vu Youth for Climate. Si hunn haut eng 2500 Schülerinnen a Schüler - an och eng Rei Erwuessener -  mobiliséiert kritt. Fir eis dobäi waren d'Anne Wolff an d'Monica Camposeo
Play
3m 10s

Walen Däitschland: Diskussiounen a Verhandlungen fänken un

An Däitschland gouf gewielt, ma elo ginn Diskussiounen a Verhandlunge gefouert. D'Féierung vun de gréisste Parteie sinn haut zesumme komm fir eng Analys aus de Walresultater ze zéien an hunn dës och der Press am Laf vum Dag presentéiert. D'Claudia Kollwelter mat engem Iwwerbléck:
Play
2m 16s

Rentrée fir den SNE mat Kritik a Richtung Clausen

Zwou Wochen nom Ufank vun der Rentrée mëllt sech och d'Enseignantsgewerkschaft SNE am Kader vun hirer Rentréespressekonferenz zu Wuert. Dat mat enger ganzer Rëtsch u Fuerderungen un de Claude Meisch. Dorënner méi Attraktivitéit fir de Beruff a méi Matsproocherecht bei Reformen déi virun der Dier stinn. Den Tim Morizet mat den Detailer.
Play
3m 19s

Den Dossier Cannabis suergt fir vill Reaktiounen

Wéi geet et virun am Dossier Cannabis-Legaliséierung? Eng Fro mat där sech vill beschäftegt gëtt zanter deem den 100,7 gëscht annoncéiert hat, datt d'Regierung d'Legaliséierung vum Verkaf vu Cannabis fale gelooss hätt an amplaz just den Ubau fir de private Gebrauch géing erméiglechen. D'Claudia Kollwelter mat enger Partie Reaktiounen:
Play
2m 23s

RTL-Jobdag

De Chômage ass am August zréck gaangen, Léierplaze ginn et der dëst Joer méi wéi nach zejoert. D'Aktivitéit an de Betriber zitt un, d'Chance fir eng nei Aarbecht oder Léierplaz ze fannen hu sech verbessert. Um RTL Job- a Léierplazendag hu mir probéiert ze vermëttelen. Einfach ass dat awer net ëmmer, Raphaëlle Dickes.
Play
3m 49s

Däiwelskrees Haislech Gewalt: E perséinlechen Témoignage

En Alldag deen vu Gewalt dominéiert ass, dat gëtt et och zu Lëtzebuerg. Betraff sinn an deene meeschte Fäll Fraen. Mat enger neier Campagne wëll de Service Riicht Eraus d'Täter dozou appelléieren, sech Hëllef ze sichen. Doduerch soll verhënnert ginn, dass een an extre Situatiounen op d'Gewalt zeréck gräift. Eng Campagne déi d'Ana Pinto, eng betraffe Fra, prinzipiell begréisst. Mee waat brauch ee selwer, wann een am Däiwelskrees Gewalt am Stot gefaangen ass? Si huet dem Monica Camposeo hir Geschicht uvertraut.
Play
4m 29s

Pandora-Papers: Lëtzebuerg dacks fir Image vun Offshore-Firmen zoustänneg

Ronderëm de Globus si Leit mat vill Geld duerch d'Revelatioun vun de Pandora-Papers concernéiert. Dorënner iwwer 330 Politiker a Mandatairen aus bal 100 Länner, an och 30 aktuell a fréiere Staatscheffen a Premieren. Den Offshore-Dateleak aus 14 ënnerschiddleche Quelle féiert zu enger Well vu bis elo net bekannten Ausmooss. Vun 12 Milliounen Dokumenter aus de Joren tëscht 1970 an 2020 geet riets. D'Diana Hoffmann mat e puer Explikatiounen.
Play
3m 27s

Thema vum Dag: den Dossier Facebook

Hunn d'Leaks eppes mat der Pann vu gëschter Owend ze dinn? Facebook ass aktuell am Fokus, net onbedéngt positiv. D'Caroline Mart huet e Resumé vun der Situatioun beim Mark Zuckerberg gemaach.
Play
1m 49s

OKaJu: Recommandatioune fir eng sécher Schoul

„En Enseignant huet Schülerinne belästegt“...viru Méint gouf vill iwwer sou Reprochen an engem Lycée diskutéiert. D‘Schoul soll eng sécher Plaz sinn. Ouni all Form vu Gewalt, déi vum Enseignantspersonal ausgeet. Net nëmmen därer, déi strofrechtlech ka verfollegt ginn. Den Ombudsman fir d‘Kanner a Jugendlecher huet dowéinst eng Rei Recommandatiounen ausgeschafft. D‘Schüler solle wëssen, u wee se sech kënnen adresséieren an déi Erwuesse musse sech der Problematik bewosst sinn, Carine Lemmer...
Play
2m 52s

Impakt Verpackungsgsetzer Band

D'Chambre de Commerce an d'CLC kënnen nëmme ganz schwiereg mat de Gesetzprojeten iwwert den Emballage an den Offall liewen. Dat soten se haut op enger Pressekonferenz, wou se hier Kritiken nach emol däitlech gemaach hunn, Dany Rasqué.
Play
2m 47s

Psychesch Krankheeten eescht huelen

Tëscht 70 an 80 Leit huele sech zu Lëtzebuerg all Joer d'Liewen. All Suizid ass een zevill, seet d'LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Dofir ass haut den Dag vun der Prévention suicide ënnert dem Motto „d'Santé mentale betrëfft eis all“. Anne Wolff 
Play
3m 26s

Obligatoreschen Covid-Check Regime vum 18. Oktober un

Nei Mesurë am Horeca-Secteur am Kampf géint de Covid. Mat deem neie Covid Gesetz, dat an 10 Deeg a Kraaft trëtt, gëtt de Covid-Check-Regime am Horeca-Beräich a bei Fräizäitaktivitéiten dobannen obligatoresch. Jiddereen deen net geimpft ass, oder kann noweisen no enger rezenter Covid-Infektioun erëm gesond ze sinn, muss en Schnell- oder PCR-Test virleeën. Ma dat ass net alles wat changéiert huet. D'Schrauf gëtt nach weider bäigezunn. Diana Hoffmann
Play
2m 58s

Réck- an Ausbléck vun der parlamentarescher Aarbecht

No 18 Méint am Cercle ass muer déi éischt ëffentlech Sëtzung vun der Chamber erëm um Krautmaart. D'Press gouf haut schonn dohin invitéiert, well de Bilan vun der Sessioun 2020-2021 gezunn, an och e Bléck no vir geheit gouf. D'Claudia Kollwelter mat den Detailer:
Play
3m 55s

Wat war dran am "Etat de la Nation"?

De Mëtteg war an der Chamber den „Etat de la Nation“, dat heescht d‘Ried vum Premier iwwer d‘Lag vun der Natioun. Eng Bestandsopnam - wou sti mer? - gouf do gemaach. An et gouf gekuckt, wou et higeet. Laang huet déi Ried dës Kéier gedauert, Carine Lemmer...wat war dann alles dran? A wat net?
Play
3m 1s

Nei Rekrutéirungscampagne bei der Police

Nodeems schonns d'lescht Joer 200 nei Rekrutte bei der Police gesicht goufen, sollen dëst Joer an enger 2ter Phase nach eng Kéier 200 fonnt ginn. Iwwert di nächst Joeren sollen 600 Poliziste méi um Terrain present sinn. Di nei Recrutéirungscampagne geet an enger Woch un. D’Diana Hoffmann war de Moien op der Pressekonferenz dobäi.
Play
3m 29s

Nationale Resistenzmusée zu Esch: Deelouverture fir Esch 2022

De Musée national de la Résistance zu Esch op der Brillplaz kritt en neien Numm a wäert dann an Zukunft Musée national de la Résistance et des Droits de l’Homme heeschen. Eréischt am Februar 2023 wäert de Musée, dee renovéiert a vergréissert ginn ass, awer komplett seng Dieren opmaachen. Mat enger permanenter Ausstellung zum Thema Lëtzebuerg am 2. Weltkrich. Diana Hoffmann
Play
2m 48s

CNS a Kinéeën hunn en Accord fonnt bei den Tariffer

D'CNS an d'Associatioun vun de Kinéen, d'ALK hu gëscht en Accord iwwert d'Adaptatioun vun den Tariffer ënnerschriwwen. Et hat awer vill Zäit an intensiv Gespréicher kascht fir op e gemeinsamen Nenner ze kommen. Wat schlussendlech am Accord festgehale gouf huet d'Claudia Kollwelter beim President vun der ALK nogefrot:
Play
4m 12s

Vote vum 17. Anti-Covid-Mesuren -Gesetz

De COVID-Check kënnt a sengem vollen Ëmfang an d'Schnelltester verschwannen. Deputéiert hunn de Mëtteg mat de Stëmme vun der Majoritéit den neie Projet de Loi mat den ugepasste Mesuren ugeholl. Bis den 18. Dezember soll dat neit Dokument gëllen. Konkret heescht dat, datt Betriber a Verwaltunge selwer kennen decidéiere vun November un eng Impfung, e Zertifikat vun enger COVID-Heelung oder e zertifiéierten Test vun hirem Employé ze froen. Dat gëllt entweder fir dat ganzt Gebai oder just en Deel dovun – do wou zum Beispill Clienten zerwéiert ginn. Am Horesca-Secteur a bei ville Fräizäitaktivitéite fält de Schnell-Test deen ee selwer mécht mam neie Gesetz vum 1. November un ewech, an et gëlle just nach PCR-, oder zertifiéiert Schnelltester. D'Oppositiounsparteien hu sech an der Chamber géint dat neit Gesetz ausgeschwat. D'Majoritéit schwätzt dovu Fair géigeniwwer der Majoritéit vun de Leit ze bleiwen. Den Tim Morizet huet déi ganz Debatt gelauschtert.
Play
3m 41s

Fédérations des Artisans: Handwierk prett fir Klimaschutz ze maachen

D‘Handwierkerfederatioun begréisst, dass d‘Betriber de Choix hunn, de Covid-Check-System bei sech z‘etabléieren oder eben net. Dat sot hire Generalsekretär Romain Schmit de Moien am Kader vun enger Pressekonferenz. Vill méi goung hien net op déi Debatt an. Themen ewéi de Personalmanktem an de Betriber oder déi grouss Changementer déi an Zukunft op d‘Handwierksbetriber duerkommen, interesséieren d‘Federatioun méi. Pierre Jans
Play
3m 28s

E méi séieren Remboursement vun de Gesondheetskeesen

Dir kennt et bestëmmt och. Dir gitt bei den Dokter, bezuelt Är Rechnung entweder schonn an der Praxis oder Dir iwwerweist méi spéit. Meeschtens sinn déi net geschenkt, an Dir freet Iech drop, vun der Gesondheetskeess rembourséiert ze ginn. Den administrativen Opwand ass grouss an dacks dauert et laang bis d‘Suen nees um Kont sinn. Dat soll sech änneren. Déi ganz Prozedur gëtt no an no digitaliséiert a Richtung vun engem modernen ‚‘tiers Payant‘‘. Pierre Jans
Play
2m 3s

Nei Campagne: D'Gemenge rekrutéieren

Vun enger verstëbster Verwaltung wëll kee méi eppes héieren. D'Gemenge vun haut wieren innovativ, kreativ an ëm de Bierger beméit, sou seet et d'Inneministesch Taina Bofferding. Ma och de Gemengesecteur schéngt vun der Pénurie um Aarbechtsmaart net verschount ze bleiwen an dofir gëtt no Personal gesicht. D’Inneministesch huet de Moie mam Gemengesyndikat Syvicol an de Gewerkschaften FGFC an OGBL eng nei Rekrutements-Campagne lancéiert. Pit Everling
Play
3m 17s

Neien Aktiounsplang fir de CGDIS heescht méi séier hëllefen

Am Inneministère gouf der Press haut den neie, definitive, PNOS, de Plang fir d’Organisatioun vum Rettungswiese, virgestallt. D’Ziler sinn ambitiéis: ënner anerem soll iwwerall am Land bannent 15 Minutten Hëllef geleescht kenne ginn. Konkret ginn dofir 300 nei Plaze geschaaft – Den Tim Morizet huet den Detail.
Play
2m 5s

Filmakademie gëtt Nominéierunge fir Filmpräis bekannt

De Moien goufen d‘Nominatiounen fir de Lëtzebuerger Filmpräis presentéiert. A 4 Wochen ginn d‘Präisser iwwerreecht. Dann ass et den éischte Lëtzebuerger Filmpräis zanter 3 Joer – den 9ten ass senger Geschicht. Nodeems d'Editioun 2020 wéinst der sanitärer Kris verluecht gi war, ass et dëst Joer Rendez-Vous de 26. November mat 800 Gäscht am Groussen Theater an der Stad. Den Tim Morizet mat den Detailer.
Play
3m 9s

Etude ATOZ Band

"D'Leit wëllen e Changement, ma se si skeptesch wann et ëm d'Ëmsetzung dovunner geet." Dat ass graff resuméiert d'Haaptconclusioun, déi ATOZ aus enger Etüd zitt an där et ëm d'Covid-19 Ära an déi gesellschaftlech Erausfuerderunge geet, déi domadder verbonne sinn. D'Entreprise, déi am Beräich vun der Steierberodung aktiv ass, hat dee Sondage an Optrag ginn. Se mécht zënter 2015 all Joers esou eng Ëmfro, als Bäitrag zum gesellschaftlechen Debat, Dany Rasqué
Play
3m 28s

OGBL presentéiert Modell fir d'Reform vun der Formatioun vun de Gesondheetsberuffer

Wann dës Pandemie eppes gewisen huet, dann dass mir en effikassen a qualitativ héichwäertege Gesondheetssecteur brauchen. Allerdéngs hat dësen och scho virun der Corona-Kris en akute Personalmanktem. Fir deem entgéintzewierken mussen esouwuel d'Aarbechtskonditiounen wéi och d'Ausbildung fir d'Gesondheetsberuffer méiglechst attraktiv sinn. Do si sech d'Regierung an d'Gewerkschaften eens. Ma dat schéngt esou zimmlech dat eenzegt ze sinn, wou een nach d'Accord ass, wann et ëm eng méiglech Reform vun der Formatioun am Gesondheetssecteur geet. Maxime Gillen.
Play
2m 42s

FNR: Beschte Fuerscher ausgezeechent

D' Weltklimakonferenz ass den Ament zu Glasgow amgaange wou sech virop Politiker aus der ganzer Welt de Kapp zerbriechen. E wesentleche Bäitrag leescht allerdéngs och d' Fuerschung, och Wëssenschaftler aus Lëtzebuerg sichen no Léisungen. Fuerscher vum LIST hunn eng Technologie entwéckelt fir e klimafrëndleche Frigo.
Play
2m 39s

Wéi fält de Bilan ee Joer no den US-Walen fir de President Joe Biden aus?

Virun engem Joer ass den Joe Biden als neien US-President gewielt ginn. D'Erwaardungen waren grouss, ma och d'Verspriechen. Wéi fällt de Bilan no engem Joer aus? E Reportage vum Claudia Kollwelter
Play
2m 49s

Greenpeace an Firdays for Future zéien e virleefege Bilan vun der COP26 zu Glasgow

Zanter knapp enger Woch leeft d'Weltklimakonferenz zu Glasgow. 197 Natiounen negociéieren, wéi d'Klimaschutzziler vu Paräis konktret kënnen emgesat ginn. Wéi fällt de virleefege Bilan vun der COP26 an den Aen vu Greenpeace a Fridays for Future aus? D'Claudia Kollwelter huet nogefrot
Play
4m 59s

Deklaratioun iwwer national an europäesch Aussepolitik

D'Mënscherechter stoungen haut am Mëttelpunkt vum Ausseminister Jean Asselborn senger Deklaratioun zur nationaler an europäescher Aussepolitik. Hien huet bedauert, dass verschidde Länner an der EU d'Wäerter vu Solidaritéit a Rechtsstaatlechkeet net respektéiere géingen. An doduerch enger méi gerechter Flüchtlingspolitik Steng an de Wee leeën. Dat war awer net deen eenzege Sujet an der Ried, déi bal 2 Stonne gedauert huet.
Play
3m 27s

Hu mer e Logements-Problem zu Lëtzebuerg?

Lëtzebuerg huet e Logements-Problem. Sou heescht et op alle Fall ëmmer. Et feele Wunnengen, d’Präisser klammen a vill Leit kënne sech keen Doheem méi hei am Land leeschten. Ob mer awer iwwerhaapt e Logement-Problem hunn, dat hannerfreet de Chef-Economiste vun IDEA. D’Denkfabrik hat de Moien eng Konferenz organiséiert, fir d’Logementspolitik mol anescht ze diskutéieren. Déi gréng Deputéiert a Presidentin vun de parlamentarescher Logementskommissioun Semiray Ahmedova an den Entrepreneur Nicolas Bück waren och invitéiert. D’Carine Lemmer war fir eis lauschteren....
Play
2m 42s

BAND Podcast (D.Rasque)

D'Weltklimakonferenz zu Glasgow steet am Mëttelpunkt vun eisem Podcast 1Komma5 Grad. D'Stëmmung op der Weltklimakonferenz ass den Ament zimmlech ugespaant, wéi den CSV Deputéierte Paul Galles erzielt huet, ee vun de Lëtzebuerger Deputéierten deen den Ament op der Plaz ass, Dany Rasqué.
Play
2m 17s

Ee vun den Haapt-Akteuren prononcéiert sech zur Marche Blanche Silencieuse

Laang hunn sech d'Organisateuren vun der Marche Blanche net ze erkennen ginn. Fir déi 5. Marche Blanche den Owend gouf fir déi éischte Kéier e Pressecommuniqué geschéckt, wou awer keng Nimm erauszeliese waren. Op Nofro hinn, huet sech kuerzfristeg ee vun den Haapt-Akteuren vun der Marche Blanche fir en Interview bereet erkläert, deen sech no baussen betount conciliant gëtt. D'Monica Camposeo huet mat him geschwat
Play
3m 55s

Mäertesfeier um Härebierg

2018 an 2019 hunn nëmme ganz wéineg Fraen a Männer sech der Lëtzebuerger Arméi ugeschloss. Dat huet de Rekrutementsproblem nach eemol däitlech ënnerstrach. Ma lues a lues schéngt d‘Arméi aus deem Lach erauszekommen. Dat sot op mannst den Kolonell Yves Kalmes de Moien am Kader vun der traditioneller Mäertesfeier, bei der hire Schutzpatréiner, den hellege Martin, geéiert gëtt. Pierre Jans
Play
3m 55s

D'Pandemie verännert d'Suergen vun de Lëtzebuerger an affektéiert virun allem déi Jonk

 57 Prozent vun de Leit hei am Land fillen sech duerch d‘Corona-Pandemie belaascht. Virun allem Jonker tëscht 18 a 34 Joer leiden - no iwwer annerhallwen Joer - ënner Kontaktbeschränkungen, Mondschutz a social distancing. Dat geet aus dem neien Politmonitor ervir, den am Optrag  vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort realiséiert gouf. Haapt-Suerg vun de Lëtzebuerger bleift awer nach ëmmer de Logement, Annick Goerens.
Play
4m 7s

70 Prozent vun de Bierger fillen sech net gutt iwwer d'Verfassungsreform informéiert

70 Prozent vun de Lëtzebuerger fillen sech net gutt oder iwwerhaapt net gutt informéiert iwwer déi Aspekter déi mat enger Verfassungsreform sollen geännert ginn an deementspriechend soen och am Ganzen 63 Prozent, dass se net wéissten ob se dofir oder dogéint sinn. Dat geet ervir aus dem neie Politmonitor vun TNS Ilres, deen am Optrag vu RTL an dem Lëtzebuerger Wort realiséiert gouf. An d‘Leit goufen och eng éischte Kéier nom Etat de la Nation gefrot, Annick Goerens   (ACHTUNG ! Hält mat CUT op)
Play
3m 38s

Ween e Referendum iwwert d’Verfassungsreform wëll, ka vun elo un op d’Gemeng ënnerschreiwe goen

Haut war den éischten Dag wou d'Bierger kënnen hier Ënnerschrëft an der Gemeng ofginn, wann si dofir sinn, datt et zu engem Referendum kënnt fir iwwert d'Reform vum Kapitel "Justiz" an der Verfassung ofzestëmmen. Et kann een awer soen, datt et haut wuel éischter lues ugelaf ass. D'Diana Hoffmann mat e puer Explikatiounen.