E nationaalt Gesetz fir Mënscherechter ze garantéieren

Et bléift keng oppe Fro, ma eng Fro vu politescher Decisioun, esou de Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg de Muere virun der Press. Presentéiert gouf e rezente Sondage deen d'Fuerderung fir e Gesetz ënnerstëtze soll dat d'anhale vun de Mënscherechter garantéiert, respektiv d'net anhale konkret bestrooft. Kanner, respektiv Zwangsaarbecht oder Gewalt op der Aarbechtsplaz, soll esou an Zukunft, Länner ofhängeg sanktionéiert ginn. Den Tim Morizet mat den Detailer.