D'Schlass Turelbach

E Mann baut sech säin eegent Schlass. De Pol Gilson huet am Joer 1964 de Grondsteen geluecht vun sengem eegene Schlass.

All eenzele Steen, all Fënster, all klengen Detail gouf vum Autodidakten Steemetzer an Architekt gemeesselt, geschloen, an zesumme gebaut. De Pol Gilson huet sech a 40 Joer säin Dram erfëllt an d'Schlass Turelbach opgebaut. Am Joer 2007 ass de Pol Gilson gestuerwen. Am Top Secret ware mir mat der Fra vum Pol Gilson, an engem vu sengen Meedercher dëst onbekannten Schlass kucken an hunn an den Erënnerungen gewullt.