Top Secret "Back to the Future": De Bâtiment Robert Schuman
Zesumme mat der fréierer Lëtzebuerger Politikerin Astrid Lulling kucke mer eis dat éischt Gebai vun der Europäescher Unioun un.
Am Top Secret maache mir eng Zäitrees a ginn zréck an d'70er Joren. Do gouf eent vun den historeschsten Gebaier um Kierchbierg gebaut an et steet nach haut. Am Bâtiment Robert Schuman gouf Europageschicht geschriwwen. Et war dat éischt Gebai vun der Europäescher Unioun, wou Parlamentssëtzungen ofgehale goufen. Ganzer 120 Plazen hat de Plenarsall an dee war séier ze kleng. 6 Joer no senger Ouverture huet ee missen en neie Sall fannen, fir d'Membere vum europäeschen Parlament. Ma deen alen, deen éischten Hemicycle, gouf awer net zougemaach, mä einfach fir aner Zwecker genotzt. En Top Secret "Back to the Future" vum Dan Wiroth mat als Invitée enger Lëtzebuerger Politikerin, déi dëst Gebai schonn deemools in- an auswenneg kannt huet: Dem Astrid Lulling.
