"Facettë vun engem Règne": en Documentaire iwwer 25 Joer Grand-Duc Henri
Fir de Grand-Duché geet eng Ära op en Enn. No 25 Joer iwwerhëlt den Ierfgroussherzog Guillaume den Troun vu sengem Papp a gëtt domadder neie Staatschef.
De Grand-Duc Henri huet d’Monarchie an e modernt Joerhonnert gefouert, dat dem Land eng ganz Rei gesellschaftspolitesch Changementer bruecht huet. Wäit ewech vu Krich respektiv Nokrichszäit an dem Patriotismus, op deen d’Monarchie sech konnt verloossen, huet d’groussherzoglech Famill sech missen eng nei Plaz an en neie Stellewäert an der Sociétéit sichen.
Am Gespréich mat Vertrieder aus Politik an Zivilgesellschaft zeechent d'RTL-Journalistin Monique Kater e Portrait vun eiser Monarchie, déi wuel kritiséiert gouf, mee nach ëmmer vun enger breeder Majoritéit vun de Bierger am Land gedroe gëtt.