Kolonialismus
Freier hate vill Länner Kolonien. Sou goufen déi Länner genannt, déi hinne gehéiert hunn a wäit ewech louchen.
Virun 200 Joer woren et virun allem d'Europäer déi vill Kolonien haten. Firwat si déi Länner eruewert hunn a wat dat fir d'Leit an deene Länner bedeit huet, dat kucke mer eis haut um Beispill vum Kongo un. Enger Kolonie déi der Belsch gehéiert huet an an där och vill Lëtzebuerger gelieft hunn a fir d'Belsch geschafft hunn.
