Nues
Wat geschitt eigentlech an eiser Nues, wann et no frëschem Brout, Kaffi oder engem leckere Kuch richt?
A firwat schmaacht Iessen op eemol ganz anescht, wann d'Nues zou ass? An dëser Emissioun entdecke mir déi spannend Welt vum Gerochsënn: Wéi eis Nues Gerécher erkennt, eis viru Geforen warnt an esouguer beim Schmaache matschafft. Eng kleng Nues mat enger riseger Aufgab!
