- Episodes
- Related
10/10/2026 (54s)
Pneuen
Wanterpneuen. Vun e Méinden u kann ee erëm seng Pneuen a Luuchte kontrolléiere loossen. Wéini wiesselt Dir är Pneuen?
10/10/2026 (1m 1s)
Liesen
Buchmesse zu Frankfurt. Liest Dir vill Bicher? Wat hutt Dir fir d'lescht gelies?
03/10/2026 (53s)
Wero
Wero ersetzt Payconiq. Wat sinn är Gewunnechte fir ze bezuelen?
03/10/2026 (1m 5s)
Camping a Vakanzen
Ëmmer méi Leit maachen hei zu Lëtzebuerg Vakanz um Camping. Wéi maacht Dir am léiwste Vakanz?
26/09/2026 (1m 4s)
Regierung a punkto Dronen
Zënter leschtem Weekend héiert een d'Wuert "Dronen" méi dacks hei zu Lëtzebuerg. Wéi bewäert Dir d'Aarbecht vun der Regierung an deem Kontext?
26/09/2026 (34s)
Liblingswuert op lëtzebuergesch
De 26. September ass net nëmmen den Dag vun den europäesche Sproochen, mä och dee vun der Lëtzebuerger Sprooch. Wat ass dann äert Liblingswuert?
19/09/2026 (1m 9s)
Sécherheet an der Stad
Reegelméisseg zirkuléiere Videoe vu Kläppereien a Gewalt um Territoire vun der Stad. Fillt Dir Iech sécher an eiser Haaptstad?
19/09/2026 (59s)
Social-Media-Verbuet
D'EU huet virgeschloe fir Sozial Medien ënner 13 Joer ze verbidden an datt een och eréischt mat 15 Joer en eegene Profil maache kann. Wat sot Dir dozou?
05/09/2026 (1m 1s)
Klimaanlag
Déi grouss Hëtzt, an deels och de Summer, hu mir hannert eis. Iwwerleet Dir Iech an Zukunft eng Klimaanlag zouzeleeën?
05/09/2026 (1m 8s)
Wunnen als Student
Geschwë fänkt dann och d'Schoul un erëm. E Bléck zeréck an är Studentenzäit; wéi hutt Dir als Student gewunnt?
29/08/2026 (1m 10s)
Lëtzebuerg USA
En direkte Vol Lëtzebuerg - Newark gëtt d'nächst Joer Realitéit. Wéi fannt Dir dat?
29/08/2026 (52s)
Bundesliga 26/27
Dëse Weekend fänkt d'Bundesliga un. Wie gëtt dann dës Kéier däitsche Meeschter?
22/08/2026 (1m 5s)
Summerhit
Wéi ass et dann a punkto Musek dëse Summer? Hutt Dir e Summerhit?
22/08/2026 (41s)
Schueberfouer
D'Schueberfouer huet ugefaangen. Op wat freet Dir Iech?
08/08/2026 (1m 0s)
Aktivitéiten
Vill Sonn, Temperaturen ëm 30 Grad; do kritt ee mol Loscht seng Zäit am Fräien ze gestalten; är Favoritten?
08/08/2026 (1m 15s)
Plaze fir Touristen
A wéi eng Plaze géing Dir engem Tourist hei zu Lëtzebuerg recommandéieren?
31/07/2026 (59s)
Wéi informéiert Dir Iech?
Op wat engem Media haalt Dir Iech um courant wat News ugeet?
31/07/2026 (1m 1s)
Grouss Bränn an Europa
Sidd Dir concernéiert dovunner an hutt Dir Angscht, datt och emol esou e grousst Feier hei wier?
25/07/2026 (1m 5s)
Wat fir en Auto fuert Dir?
Verbrenner, hallef oder ganz elektresch?
25/07/2026
Wou geet et dann dëst Joer fir de Summer an d'Vakanz?
Frankräich ass bei de Lëtzebuerger am Beléiftsten als Vakanzendestinatioun
18/07/2026 (53s)
Wie gëtt Weltmeeschter?
Spuenien oder Argentinien?
18/07/2026 (57s)
Vignette an der Belsch
Wat haalt Dir vun der Vignette fir Autoen an der Belsch vum nächste Joer un?
11/07/2026 (1m 0s)
Pride
Dëse Weekend (11&12/07) ass de Schluss vun der Luxembourg Pride an der Stad. Wéi gefält Iech dat?
11/07/2026 (1m 8s)
Wasser
An et ass erëm déck waarm; de Ree léisst nach ëmmer op sech waarden, dowéinst ginn et éischt Recommandatioune fir Waasser ze spueren. Haalt Dir Iech drun?
04/07/2026 (1m 11s)
WM
Wéi fält äre Fazit vun der Weltmeeschterschaft bis elo aus?
04/07/2026 (1m 1s)
Vakanz
Wou geet et dann dëse Summer hin?
13/06/2026 (1m 16s)
WM 2026
D'WM huet ugefaangen. Kuckt dir? Zu wiem haalt Dir?
13/06/2026 (43s)
Tripartite
Wat haalt Dir vum Tripartite-Accord?
29/05/2026 (1m 1s)
Indextranche entfält op den 1. Juni
Méi Suen am Portemonnie, ma kuckt Dir iwwerhaapt op de Präis?
29/05/2026 (1m 8s)
Temperaturen iwwer 30 Grad
Wéi sidd Dir eens gi mat der rezenter Hëtzt?
23/05/2026 (1m 6s)
Prison
20 Prozent méi Prisonéier an engem Joer zu Lëtzebuerg. Wat sinn är Gedanke bei sou enger Iwwerschrëft?
23/05/2026 (49s)
Péngschtvakanz
Geet et fort an der Vakanz?
09/05/2026 (1m 7s)
Hantavirus
Maacht Dir Iech Gedanken iwwert eng nei Infektiounswell?
09/05/2026 (1m 8s)
Europa
Haut ass Europadag, bei eis jo e Feierdag. Wat bedeit Iech dann Europa?
25/04/2026 (1m 20s)
Tripartite
De Premier Frieden huet dës Woch eng Tripartite ugekënnegt. Ze spéit? Ze fréi ? Wat sot Dir?
25/04/2026 (1m 8s)
Lëtzebuergesch am Premièresexamen
Am Lycée Michel Rodange ass dëst Joer fir d'éischte Kéier Lëtzebuergesch am Premièresexamen. Wat haalt Dir dovun?
11/04/2026 (1m 3s)
e-Trottinetten
Et liest een ëmmer méi vun Tëschefäll mat elektreschen Trottinetten. Wat haalt Dir vun de Flitzeren?
11/04/2026 (48s)
Runnen
Wann een en Nascht mat asiatesche Runnen huet, kritt een an Zukunft finanziell gehollef. Hat Dir scho mat deem Insekt ze dinn?
28/03/2026 (1m 8s)
Aarbecht
Wéi zefridde sidd Dir op der Schaff?
28/03/2026 (1m 2s)
Immigratiounspolice
Brauch een dat och an Europa oder zu Lëtzebuerg?
21/03/2026 (55s)
Glécklech zu Lëtzebuerg
World Happiness Report 2026: Lëtzebuerg op der 9. Plaz. Sidd Dir glécklech hei? Wat heescht fir Iech glécklech sinn?
21/03/2026 (1m 0s)
Ellenst Stad
Charleroi an der Belsch krut den Titel "ellenst Stad vun der Welt"? Wéi eng Stad zu Lëtzebuerg géing vun Iech den Titel "ellenst Stad" kréien?
14/03/2026 (1m 13s)
Bretzelsonndeg
E Sonndeg ass Bretzelsonndeg! Wéi wichteg sinn Iech esou Traditiounen?
14/03/2026 (1m 17s)
Handy um Steier
An de leschten Deeg huet d'Police vill Leit ugehalen déi den Handy beim Fueren am Grapp haten. Hand op d'Häerz; haalt Dir Iech un d'Gesetzer?
07/03/2026 (53s)
Formel 1
Wat erwaart Dir Iech vun der neier Saison?
07/03/2026 (1m 6s)
Krich am Iran
Diesel a Bensinn si scho méi deier. Wat fäert Dir wat nach kënnt?
28/02/2026 (1m 5s)
Wanter
Wéi war dann de Wanter fir Iech?
28/02/2026 (53s)
Fréijoer
Wat heescht da fir Iech Fréijoer?
21/02/2026 (1m 1s)
Olympesch Wanterspiller
D'olympesch Wanterspiller si geschwënn eriwwer. Hutt Dir verschidden Disziplinne gekuckt?
21/02/2026 (1m 7s)
Worldovershootday
Lëtzebuerg huet seng natierlech Ressource fir dëst Joer schonn opgebraucht. Wat maacht Dir da fir d'Ëmwelt ze schounen?

