Apple Share
Play
25/10/2025 (1m 4s)

Wochenëmfro: Virementen & Sarkozy

Zënter dëser Woch huet Frankräich e ganz prominente Prisonéier. Den fréiere franséische President Nicolas Sarkozy ass am Prisong. Wat sot Dir dozou?
Play
18/10/2025 (1m 13s)

Wochenëmfro: Juegd & Béier

Dëse Weekend fänkt d'Juegdsaison un. Wat fält Iech zum Thema Juegd an?
Play
11/10/2025 (1m 0s)

Wochenëmfro: Wurscht ass Wurscht & Tour de France

D'EU wëllt de vegane Burger an d'vegetaresch Wurscht verbidden. Wat sot Dir dozou? A wéi géingt Dir déi Iesswueren ouni Fleesch nennen?
Play
04/10/2025 (1m 23s)

Wochenëmfro: Trounwiessel & Däitschland - Lëtzebuerg

Am ganze Land sinn haut Manifestatioune fir den Trounwiessel. Wat maacht Dir dann?
Play
27/09/2025 (1m 21s)

Wochenëmfro: den neie Grand-Duc

D'nächst Woch dominéiert hei zu Lëtzebuerg een Thema; den Trounwiessel. E Freiden dankt de Grand-Duc Henri of a vun do un hu mir dann de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie. Wat erwaart Dir Iech da vum neie Grand-Duc?
Play
20/09/2025 (1m 10s)

Wochenëmfro: 30 am Duerf & Klauen

Zu Leideleng wëllt een an Zukunft datt d'Leit nëmmen nach mat 30 duerch d'Uertschaft fueren. Wat haalt Dir da vun den 30er Zonen?
Play
13/09/2025 (1m 12s)

Wochenëmfro: Iwwerschwemmungen & WM-Qualifikatioun

An der Nuecht vun e Méinden op en Dënschden ass et an Deeler vum Land zu Iwwerschwemmunge komm. Waart Dir och vun deem ville Ree betraff?
Play
06/09/2025 (1m 6s)

Wochenëmfro: Tiny House & KI

D'lescht Woch ass dat éischt Tiny House zu Lëtzebuerg fäerdeg ginn. Wat haalt Dir vun deene klengen Haiser?
Play
30/08/2025 (1m 6s)

Wochenëmfro: Summer '25 & Taylor Swift

Den 1. September fänkt fir d'Meteorologen den Hierscht un. Wéi wann dann äre Summer?
Play
23/08/2025 (1m 0s)

Wochenëmfro: Jeff Strasser & Fouer

De Luc Holtz ass net méi Trainer vun der Fussballnationalekipp, säin Nofollger heescht Jeff Strasser. Wat sot Dir zum Trainerwiessel?
Play
09/08/2025 (58s)

Wochenëmfro: Begnodegung & Abréch

D'Affär ronderëm den amerikanesche Rapper P.Diddy huet fir vill Opreegung gesuergt. Dëse gouf elo an zwee Punkte schëlleg gesprach a freet den Trump begnodegt ze ginn. An eiser Wochenëmfro wat dat en Thema. Wat haalt Dir dobaussen da vu Begnodegungen?
Play
19/07/2025 (1m 7s)

Wochenëmfro: Feierdeeg & Lëtzebuerg liewenswäert

A Frankräich gëtt iwwerluecht zwee Feierdeeg ze sträichen, fir Suen ze spueren. Wéi ee Feierdag wäert Dir bereet ze afferen?
Play
12/07/2025 (56s)

Wochenëmfro: Luc Holtz & Vakanz

Vum nächste Joer un ass de Luc Holtz net méi Trainer vun der Fussballnationalequipe? Wat sot Dir dozou?
Play
21/06/2025 (39s)

Wochenëmfro: Typesch Lëtzebuergesch & Nationalfeierdag

Muer ass de Virowend vun Nationalfeierdag an e Méindeg huet dat ganzt Land fräi. An eiser Wochenëmfro goung et dann natierlech och genee dorëms. Mir wollte wëssen wéi Dir de Virowend respektiv de Feierdag selwer verbréngt.
Play
14/06/2025 (56s)

Wochenëmfro: Bodycams & Vakanz zu Lëtzebuerg

Vum 1. Juli u kritt d’Police Bodycams. Wat haalt Dir dovun?
Play
07/06/2025 (1m 5s)

Wochenëmfro: Fürerschäin & Handyverbuet Lycée

Bal Hallschent vun de Fahrschüler packen de prakteschen Examen net, esou eng Nouvelle dës Woche. An eiser Wochenëmfro wollte mir wëssen, wéi et dann deemools bei iech gelaf ass.
Play
31/05/2025 (48s)

Wochenëmfro: Fernand Kartheiser a Russland & National Mannschaft trotz Urteel

An eise Wochenëmfro war Är Meenung gefrot zu zwee Hären, déi éischter negativ opgefall waren. Sou op alle Fall mol d'Resonanzen an de Medien a soziale Medien. Den ADR- Deputéierte Fernand Kartheiser huet eng gewëssen Aluedung Wouer geholl an huet  sech fir Gespréicher op de Wee op Moskau gemaach. An der Chamber gouf dëst kritiséiert an och d'Fraktioun vum Europaparlament zu där hie gehéiert war net begeeschtert an huet elo alles an d'Weeër geluecht fir hien auszeschléissen. Ma eng Visitt a Russland - gutt oder sënnlos? Wat mengt Dir?
Play
19/04/2025 (41s)

Wochenëmfro: Traditiounen a Vakanz fir Ouschteren

T'ass Ouschterweekend! Wat sinn Traditiounen, deenen Dir op Ouschtere nokommt?
Play
12/04/2025 (1m 4s)

Wochenëmfro: Stroftaxen & Ouschteren

An de leschte Wochen an Deeg huet ee permanent vu Stroftaxen héieren. Fir d'éischt Amerikaner, dunn d'Chineesen an Europa huet jo och reagéiert. Wat haalt Dir vun deem ganzen Hin an Hier?
Play
05/04/2025 (1m 8s)

Wochenëmfro: Marine Le Pen & Schéinheetsoperatiounen

Déi franséisch Politikerin vum Rassemblement National Marine Le Pen gouf dës Woch wéinst Verontreiung bun ëffentleche Fonge verurteelt an huet elo fir 5 Joer kee passivt Walrecht méi. Mir wollte wëssen, wat dir dobaussen doriwwer denkt.
Play
29/03/2025 (1m 19s)

Wochenëmfro: Fréijoersbotz um Handy & Primm "Chef de Famille"

Am Mäerz ass den Digital clean-up day. Zil ass et eist digital Archive um Handy oder Computer ze botzen. Also Mailen, Donnéeën a Fotoe läschen déi een net méi brauch, well dëst ganz vill Energie a Waasser verschwent. Wei ass et bei Iech? Gëtt den Handy reegelméisseg gebotzt? Maacht Dir e Back-up vun Ären Donnéeën?
Play
22/03/2025 (57s)

Wochenëmfro: Pensioun & World Happiness Report

E Mëttwoch war an der Chamber eng Consultatiounsdebatt iwwer déi laangfristeg Finanzéierung vum Pensiounssystem. De legale Pensiounsalter soll bei 65 Joer bleiwen, ma de reellen Untrëttsalter misst an d'Luucht goen oder et kéint een op de Wee goen, méi Cotisatiounen ze bezuelen. Wat haalt Dir dovunner? Méi laang schaffe goen oder awer méi abezuelen?
Play
15/03/2025 (44s)

Wochenëmfro: Märercher aus der Kandheet & Aarmut zu Lëtzebuerg

Knätsch bleift am Mo leien, sief brav soss kënnt de Kleeschen net an de Storch huet dech bruecht. An eise Wochenëmfro wollte mir dës Kéier vun Iech wëssen, wéi eng Märercher Iech Är Elteren erzielt hunn respektiv wat fir Noutligen Dir Äre Kanner opdëscht.
Play
08/03/2025 (58s)

Wochenëmfro: Kleederuerdnung vu Politiker & eidel Geschäfter

Am Gespréich mam US-President Donald Trump gouf den Ukrainesche President Selenskyj staark kritiséiert, well hien op senger Visitt am Wäissen Haus e Polohiem unhat a kee Kostüm. Wat haalt Dir dovunner? Ass de Kostüm e Muss oder gëtt et fir Politiker a Presidente keng Kleederuerdnung?
Play
01/03/2025 (1m 25s)

Wochenëmfro: 5 Joer Corona a Faaschtenzäit

Viru 5 Joer gouf et den éischte confirméierte Covid-Fall zu Lëtzebuerg, kuerz drop gouf de Lockdown decidéiert. Wat ass bei Iech aus dëser Zäit hänke bliwwen?
Play
23/02/2025 (56s)

Fuesent, schonn a Stëmmung?

Déi nächst Woch geet d'Fuesent u mam Altweiberbal um Fetten Donneschden. Mir ware scho mol mam Mikro ënnerwee, zu Dikrech fir de Bols ze fillen. Schonn a Stëmmung a verkleet Dir Iech?
Play
22/02/2025 (1m 18s)

Wochenëmfro: Krich an der Ukrain a Walen an Däitschland

Den US-President Donald Trump wëll sech nach dëse Mount mat sengem russeschen Homolog Wladimir Putin treffen. Den Trump seet, d'Ukrain hätt de Krich ugefaangen, deen elo zënter 3 Joer amgaangen ass. Wat haalt Dir dovunner?
Play
15/02/2025 (1m 0s)

Wochenëmfro: Tom Weidig & Schivakanz

D'Affär ronderëm den ADR-Politiker Tom Weidig a säi Facebook-Like hat net nëmmen an der Chamber fir Onrou gesuergt.
Play
08/02/2025 (45s)

Wochenëmfro: Riviera an der Gazasträif an Vältesdag

Rezent huet den US-President Donald Trump ugekënnegt aus der Gazasträif wëllen eng Riviera vum Noen Osten ze maachen. Pläng, déi weltwäit fir Kapprësele gesuergt hunn. Wat haalt Dir dobausse vun dëser Iddi?
Play
01/02/2025 (1m 9s)

Wochenëmfro: Politik an Däitschland & Gripp

An 3 Wochen, den 23. Februar wiele se an Däitschland eng nei Regierung. Wat erwaart Dir Iech? Intresséiert Dir Iech fir déi däitsch Politik?
Play
25/01/2025 (1m 30s)

Wochenëmfro: Donald Trump

E Méinde gouf den Donald Trump als 47. President vun den USA vereedegt. Wéi gesidd dir seng Presidence?
Play
18/01/2025 (1m 17s)

Wochenëmfro: Krypto & Autofestival

Déi digital Wärunge ginn ëmmer méi populär. Wat haalt Dir vu Krypto a Co.?
Play
11/01/2025 (1m 6s)

Wochenëmfro: Butteker méi laang op & Iwwerschrëften

Wat haalt Dir vum Gesetzesprojet datt d’Butteker méi laang opmaache kéinten?
Play
04/01/2025 (54s)

Wochenëmfro: Silvester

Wéi hutt Dir dann d'Joer ugefaangen? Hutt Dir vill gefeiert oder war et roueg erofgaangen?
Play
28/12/2024 (1m 29s)

Wochenëmfro: schéin a manner schéi Momenter 24

Wéi war dann äert Joer? Wat haalt Dir a gudder Erënnerung?
Play
21/12/2024 (1m 26s)

Wochenëmfro: Wéi feiert dir Chrëschtdag?

Nach dräi Deeg bis Hellegowend. Wéi feiert dir Chrëschtdag?
Play
14/12/2024 (1m 18s)

Wochenëmfro: Politmonitor & wat huet Iech dëst Joer markéiert?

De Premier Luc Frieden ass dem leschte Politmonitor no, net de beléiftste Politiker am Land. Wat muss e Politiker dann hu fir beléift ze sinn?
Play
07/12/2024 (1m 34s)

Wochenëmfro: Liblingsfilmer fir Chrëschtdag & gutt Restauranten

Geschwënn ass Chrëschtdag. Wat sinn är Liblingsfilmer fir d'Chrëschtzäit?
Play
30/11/2024 (1m 38s)

Wochenëmfro: Militärdéngscht & Social Media eréischt vu 16 Joer un

"Een obligatoresche Militärdéngscht géing Lëtzebuerg méi resilient maachen", sot de Generol Steve Thull, Chef d'état-major vun der Lëtzebuerger Arméi, e Méinden als Invité vun der Redaktioun. Wat hale Jonker vun esou engem obligatoresche Militärdéngscht?
Play
23/11/2024 (1m 4s)

Wochenëmfro: Saachen op déi dir iech am Wanter freet & déi schéinste Chrëschtmäert

Dës Woch gouf et deen éischte Schnéi hei zu Lëtzebuerg - de Wanter ass do! Op wat freet Dir Iech am meeschten am Wanter?
Play
16/11/2024 (1m 30s)

Wochenëmfro: 13. Mount an der Pensioun & Dubai-Schockela

An der Chamber gouf en 13. Mount fir Pensionären debattéiert. Wat haalt Dir dovun?
Play
09/11/2024 (1m 35s)

Wochenëmfro: Resultat Walen USA & Ampel-Schluss Däitschland

Den Trump dierf also déi nächst 4 Joer säin Talent als President erëm ënner Beweis stellen. Wat sot Dir zum Resultat?