Wou deet et wéi? (12) – Nephrologie

14/09/2022

Nephrologie ass dat Fachgebitt an der Medezin, dat sech mat de Krankheete vun der Nier befaasst. Nieren hu mer der normalerweis zwou.

Et si relativ kléng Organer, bouneförmeg a si leie just ënnert dem Rëppebou. D'Nier mëscht am Fong geholl souwuel d'Entwaasserung vum Kierper wéi och d'Entgëftung. Si reegelt awer och eise Bluttdrock, ass zoustänneg fir d'Produktioun vun deene roude Bluttkierpercher, steiert eise Mineralienhaushalt a steiert och de Schankestoffwiessel.