Wou deet et wéi? (13) – Dermatologie – mat Ënnertitelen

12/10/2022

Wat ass dann d'Dermatologie? D'Dermatologie beschäftegt sech mat de Krankheete vun der Haut, den Neel an den Hoer.

D'Dermatologie ass eng relative vaste Spezialitéit, wou mer ganz vill ënnerschiddlech Krankheetsbiller gesinn. Mir betreie Patiente vun der Gebuert aus un an Erwuessener vun all Alter. Wat mir am heefegsten an der Consultatioun gesinn a maachen, si Screeninge fir den Hautkriibs. An da gesi mir natierlech och vill entzündlech Erkrankunge vun der Haut, z. B. d'Schuppenflechte, oder och Psoriasis genannt, an Ekzema.