Wou deet et wéi? (14) – Den Apdikter – mat Ënnertitelen

23/11/2022

Als Apdikter hu mir u sech zwou Haaptaufgaben. Déi eng Aufgab ass méi logistesch an déi aner ass méi klinesch.

Vun der logistescher Säit si mir verantwortlech fir dee ganze Wee vum Medikament, wann en an d'Spidol erakënnt, an der Apdikt gelagert gëtt, erop op d'Statioun bruecht gëtt, bis hin zur Administratioun. An am klineschen Deel schaffe mir vill méi mat den Infirmièren, mat den Dokteren zesummen, fir Infoen ze ginn iwwer d'Medikamenter, wéi se sollen administréiert ginn, mir kucken op Interaktioune sinn, op Dosisupassunge sinn… Dat heescht, do hu mir och eng Plus-value.