Wou deet et wéi? (15) – D'Gefäässchirurgie –mat Ënnertitelen

21/12/2022

D'Gefäässchirurgie ass déi Chirurgie, déi sech ëm d'Gefäässer vun de Patiente këmmert.

D'Gefäässer sinn op lëtzebuergesch d'Oderen, an dat sinn d'Arterien an d'Venen, déi mir an der Gefäässchirurgie probéieren ze reparéieren, wann se iergendwéi eng Erkrankung hunn. Dat ka sinn: si sinn zou oder si sinn ze grouss, an da komme mir an d'Spill, fir déi Oderen nees kënnen ze flécken.