Wou deet et wéi? (19) - Häerzchirurgie

12/04/2023

D'Häerzchirurgie ass eng ganz jonk Spezialitéit, wann een dat jonk nenne kann.

Et war fréier souguer bei de Chirurge verbueden, d'Häerz unzepaken, well gesot ginn ass, dat ass Tabu. Eréischt an de 60er, 70er Joren huet sech dat alles entwéckelt. An eréischt wéi d'Häerz-Longe-Maschinn opkomm ass, konnt sech d'Häerzchirurgie richteg entwéckelen. Am Ufank ass dat mat deenen Instrumenter gemaach ginn, déi do waren a wat allgemeng Instrumenter waren. Spéiderhi sinn eréischt spezifesch Instrumenter entwéckelt ginn. Déi Instrumenter, déi mir haut kennen, déi sinn an den 80er an 90er Joren entwéckelt ginn.