Wou deet et wéi? (20) - D'Urgence

17/05/2023

Wat ass den akute Problem, firwat dass der haut an d'Urgence kommt?

Also hei an den Urgencen do si mir zimmlech polyvalent. Mir mussen et sinn, well mir vun alle Pathologien hei Leit kréien. Vun Autosaccidenter, bis Häerzinfarkt, bis Arrêt Cardiaquen. Dës Krankheete ginn natierlech hei en charge geholl no Protokollen, pathway'en, déi hei d'Personal alleguerten auswenneg kennen. Vun der Sekretärin bis zum Dokter. Da ginn déi Pathologië weider geleet. Wann eise Job hei an den Urgence fäerdeg ass, gi se weidergeleet bei de Spezialist.