Wou deet et wéi? (22) - Thoraxchirurgie

12/07/2023

D'deeglech Aktivitéit vum Thoraxchirurg ass déi, déi sech ëm Krankheete vun der Long, der Speiseröre, dem Mediastin,

... wéi zum Beispill dem Thymus, ze bekëmmeren, déi duerch eng Operatioun behandelt musse ginn. D'Thoraxchirurgie ass am Fong de chirurgesche Pendant zur Pneumologie, wat d'Longen ugeet, an da wann et ëm d'Speiseröre geet, zur Gastroenterologie. A mat deenen zwee Domainer si mir dann natierlech och ganz vill a Kollaboratioun.