„Ziel mir keng!“: Ass 5G da lo geféierlech, oder net?
Wat ass de Stand vun der Wëssenschaft zu 5G? Ass 5G, respektiv Handystralung allgemeng, geféierlech? A wäert et an Zukunft méi Stralebelaaschtung ginn?
RTL lancéiert zesumme mat science.lu vum Fonds National de la Recherche en neit Format: „Ziel mir keng!“ E science.lu check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu
D’science.lu-Team recherchéiert de Stand vun der Wëssenschaft zu verschiddenen Themen: Wat weess d’Wëssenschaft, a wat weess se net? A wéi kann een de Stand vun der Wëssenschaft anuerdnen?
Thema vun der éischter Episode: Ass 5G da lo geféierlech, oder net?
Basis fir d’Infoen aus dësem Video kommen aus folgendem Artikel:
https://science.lu/de/faktencheck-zum-neuen-mobilfunkstandard-5g/was-ist-5g-und-wie-sicher-oder-gefaehrlich-ist-der-neue-mobilfunkstandard