„Ziel mir keng!“: Notzen an Nodeeler vu grénger Gentechnik
Gentechnik an der Planzenzuucht ass immens kontrovers a mécht ville Leit Angscht. Zurecht? Huet Gentechnik net villäicht och e grousst Potential?
An der neier Episod vum „Ziel mir keng!“ geet et em déi gréng Gentechnik, also Gentechnik bei Planzen. Wat ass un der Kritik géint Gentechnik drun? Verpasse mir net eventuell vill Méiglechkeeten, wa mir se net akzeptéieren? De Jean-Paul an d’Lucie vum science.lu-Team vum Fonds National de la Recherche maachen de Science Check.