„Ziel mir keng!“: CO2 Foussoofdrock Elektroauto vs Verbrenner

An der aktueller Klimakriis sollen Elektroautoen hëllefen, CO2-Emissiounen ze reduzéieren. Ma stoussen Elektroautoen wierklech manner CO2 aus wéi Verbrenner?

Ab 2035 dierf jo laut der Europäescher Kommissioun keen neie Verbrenner-Auto méi an Europa verkaf ginn. Dëst ass eng vun de Mesurë fir bis 2050 klimaneutral ze ginn. Ma Elektroautoe brauchen zwar keen Diesel oder Bensinn, ma dofir jo awer Stroum an eng Batterie. Spuert dat wierklech CO2?

Fir déi, déi direkt d’Äntwert wëllen: den Elektroauto huet e manner héijen CO2-Foussofdrock, wann ee laang genuch dermat fiert. Ma wéi laang muss een dann dermat fueren? Dat hunn d’Wëssenschaftsvermëttler vu science.lu vum Fonds National de la Recherche nogesicht, an Zesummenaarbecht mam Fuerscher Thomas Gibon vum LIST – an hunn dobäi souwuel op d’Produktioun wéi op d’Notzung gekuckt.

RTL huet dëst Format zesumme mat science.lu vum Fonds National de la Recherche (FNR) lancéiert: e Science-Check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Tëlee, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu