„Ziel mir keng!“: Notzen an Zukunft vu Waasserstoff 

Dekarboniséierung: Wa mer wëlle wech vu Gas, Ueleg a Kuel, brauche mer Alternativen. Waasserstoff huet vill Potential! Ma och Nodeeler. Woufir brauche mer en?

An dëser Episod vun „Ziel mir keng!“ beschäftegt sech d’science.lu-Equipe vum Luxembourg National Research Fund (FNR) mat Waasserstoff, respektiv méi präzis mat sougenanntem grénge Waasserstoff. Wéi eng Roll spillt grénge Waasserstoff an der Energiewende an am Kader vun der Dekarboniséierung. Bei wéi engen Applikatiounen an a wéi enge Secteuren huet e grousst Potential? Wat sinn d’Erausfuerderungen? Heibäi goufe si ënnerstëtzt vum Nicolas Boscher, Fuerscher am Beräich Waasserstoff um Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST), an dem Thomas Gibon, Fuerscher am Beräich Life Cycle Analysis och um LIST.

RTL huet dëst Format zesumme mat science.lu vum FNR lancéiert:  e Science-check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu. A lo säit kuerzem och um science.lu Tiktok- an Instagram-Account.