„Ziel mir keng!“: Mécht Social Media eis domm?

An dëser Folleg geet et em „Brain rot“: Wat kann d’Wëssenschaft schonn zu den Auswierkunge vu soziale Medien op eis geeschteg Leeschtungsfäegkeet soen?

„Brain rot“, alsowuertwiertlech „d’Faule vum Gehier“, bedeit am Kontext vu soziale Medien datt een duerch iwwerméissege Konsum vu belanglosen oder sënnlosen Inhalter geeschteg ofbaut, oder op mannst méi schwaach gëtt. D'Equipe vu science.lu kuckt sech an dëser Episod vun Ziel mir keng! un, ob Wëssenschaftler schon esou Auswierkunge vu soziale Medien op eist Gehier moosse konnten. Mécht Social Media eis wierklech méi domm? Oder vläicht de Contraire: méi schlau?

RTL huet dës Format zesumme mat science.lu vum Luxembourg National Research Fund (FNR) lancéiert:  e Science-Check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu. An elo och um science.lu Tiktok-(@science.lu) an Instagram-Kont (@science_lu).