„Ziel mir keng!“: Zoustand an Zukunft vum Bësch

Eisem Bësch geet et net gutt. Firwat ass dat esou? Wéi schlëmm ass dat? A wat kënne mer dogéint maachen?

De Bësch ass fir vill Leit ass en eng Plaz vu Rou an Erhuelung. En hëlleft awer och eist Klima ze reguléieren, ass Doheem fir vill verschidden Déieren a Planzen, an eng wäertvoll Ressource vun nohaltegem Baumaterial. Mee wäert dat och an Zukunft nach esou sinn? D'Equipe vu science.lu vum Luxembourg National Research Fund kuckt sech elo an dësem Ziel mir keng!-Video den aktuellen Zoustand an d'Zukunft vum Bësch zu Lëtzebuerg méi genee un.

RTL huet dës Format zesumme mat science.lu vum Luxembourg National Research Fund (FNR) lancéiert:  e Science-Check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu. An och um science.lu Tiktok-(@science.lu) an Instagram-Kont (@science_lu).