„Ziel mir keng!“: Ofhuelsprëtz – Gamechanger oder Quatsch?
Funktionéieren Medikamenter wéi Wegovy® a Mounjaro® beim Ofhuelen? Fir wee si se gëeegent? A kéinten se hëllefen, géint déi steigend global Obesitéit unzegoen?
Bei Obesitéit, respektiv Fettleibegkeet oder Adipositas, geet et net nëmmen em ze vill Gewiicht oder e Schéinheetsideal. Ma em eng Krankheet déi vun der WHO unerkannt ass an als global Santé Public-Kris bezeechent gëtt. Lo héiert ee jo ëmmer méi dacks vu sougenannten „Ofhuelsprëtzen“. Déi huelen d’Equipe vu science.lu vum Luxembourg National Research Fund (FNR) an dësem neien Ziel mir keng!-Video méi genee ënnert d’Lupp.
RTL huet dës Format zesumme mat science.lu vum Luxembourg National Research Fund (FNR) lancéiert: e Science-Check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu. An och um science.lu Tiktok-(@science.lu) an Instagram-Kont (@science_lu).
