„Ziel mir keng!“: Wéi schiedlech ass Alkohol?

Ass bëssi Wäin oder Béier da lo gutt fir d’Gesondheet, oder all Drëps Alkohol schiedlech? An ab wéini huet een eng Alkoholsucht?

Seit Jordausenden drénke Mënschen op allen Ecker vun der Welt Alkohol. Wäin, Béier, Drëppen gehéieren zu eiser Kultur a vill Leit verbannen Alkohol mat flotte gesellege Momenter ënner Kolleegen oder op grousse Fester. Ma en ass och schiedlech. Duerch Alkohol stierwen all Joer 4 mol méi Mënschen wéi duerch all d’illegal Drogen zesummen.
An dëser Episod vun „Ziel mir keng!“ beschäftegt sech d’science.lu-Equipe vum Luxembourg National Research Fund (FNR) mat dese Froen: Wat mécht Alkohol an eisem Kierper? Wéi schiedlech ass en – och am Verglach zu aneren Drogen? An ab wéini ass een Alkoholiker?
Heibäi goufe si ënnerstëtzt vun der Dr. Claude Besenius, Chargée de Direction um Centre Thérapeutique Useldéng, dem Addictolog Dr. Jean-Marc Cloos, Directeur Médical vum CHdN, an dem Ernährungswëssenschaftler Torsten Bohn vum Luxembourg Institute of Health.
RTL huet dëst Format zesumme mat science.lu vum FNR lancéiert:  e Science-check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, RTL Today, RTL Info, science.lu souwéi um science.lu Youtube-, Tiktok- an Instagram-Account.