Episod 8 - Magaly Teixeira (Actress)

Nom Applaus

D'Magaly Teixeira ass eng spannend Kënschtlerin mat ville Facetten. Och wann een d'Magaly als Energiebündel bezeechne kann, deem seng positiv Ausstralung ustécht, wëll dat net heeschen, dass hatt net och déi schwiereg Phase kennt, wann den Applaus bis verklongen ass. Dann dauchen – grad wéi bei all Kënschtler – och bei him Dämonen op. D'Magaly schwätzt mat vill Passioun iwwert de Beruff vum Schauspiller, mee erzielt grad sou offen iwwert déi negativ Gefiller, Zweiwel an Ängschten, déi mat dësem Liewensstil verbonne sinn.
© 35M Films