Episod 15 - Ken Barthelmey (Creature Designer)
Monsters & Blockbusters
Kaum ee Lëtzebuerger schafft u sou ville risegen Hollywood Blockbuster wéi de Ken Barthelmey. Hien erschaaft Monsteren a Kreaturen fir Filmer wéi Thor, Fantastic Beasts, Godzilla, Predator, Pokémon, Maze Runner, Aquaman... a ville méi. De Ken erkläert wéi hien et fäerdeg bruecht huet, seng Visioun ze erreechen; wisou et haut ëmmer nach wichteg ass mat Stëft op Pabeier ze schaffen; a fir wéi ee Film de Guillermo del Toro hien héchstperséinlech recommandéiert huet.
© 35M Films