Episod 19 - Andy Bausch (Trailblazer - Part 2)

Steel crazy after all these years

Nodeems den Andy mat vill Asaz de Sprong vu passionéiertem Amateur op Profi gelonge war, ass hie mat sengem "A Wopbopaloobop A Lopbamboom" an der Europäescher Filmlandschaft duerchgestart. Dono huet den Andy an Däitschland bei villen Tëlee's Filmer- a Serië Regie gefouert, an huet deene säi Stempel opgedréckt. Mee d'Heemecht huet hien zréck an de Minett gezunn. Resultat: De "Club des Chômeurs", an een Documentaire nom aneren iwwer Lëtzebuerger Geschichten. An och haut gëtt et kee Grond fir den Andy e Gank erof ze schalten!