Episod 18 - Andy Bausch (Trailblazer - Part 1)

D’Keess op an d‘Klacken eraus!

Den Andy ass ee vun de Pionéier vum Lëtzebuerger Kino, déi di siwent Konscht an eis klengt Land bruecht hunn. Ufanks den 80er Joren, wéi d’Filmindustrie zu Lëtzebuerg nëmmen aus e puer Gecke wéi him bestanen huet, huet hien seng éischt Filmer gedréint – mat nëmme wéineg Mëttelen, mee ëmsou méi Leidenschaft. An huet esou Kultfilmer wéi den "Troublemaker" geschaf. Et ass e Genoss dem Andy sengen Anekdoten aus där Zäit nozelauschteren, wéi hie mat sengem Frënd an "acteur fétiche", Thierry van Werveke, des wëll Zäit erlieft huet, a wéi aus deene puer Gecke lues a lues Vollprofien ginn ass...
© 35M Films