Am Takt: T The Boss
28/02/2022

Den 22. Februar ass déi 2. Staffel Capitani ugelaf. Wie bei der Première dobäi war huet dann och d'Lidd Haass an den Aen vum T The Boss héieren. E Lidd vun Erfarungen déi de Rafael Possing op der Stater Gare gemaach huet, hie selwer ass op der Gare grouss ginn (ech sinn e Garer-Jong) a wat eigentlech schonn 10 Joer al ass.
