Am Takt: Marcy, Morfaz, Freshdax, A-55 a Big Band Opus 78

17/04/2023
Am Takt: Marcy, Morfaz, Freshdax, A-55 a Big Band Opus 78
Play

Net manner wéi 5 verschidden Artisten hate sech fir den éischt Méinden no der Ouschtervakanz ugemellt. A se sinn all komm ;) Mam Marcy gouf déi 5. Woch vun "Eis Stëmmen" agelaut. Morfaz an A-55 spillen en Donneschden (20/04/2023) op der nächster Rocklab Live Session an der Rockhal. Freshdax hunn Ufanks Mäerz hir nei Plack "Kanner vum Groove" virgestallt. An d'Big Band Opus 78 reest en Donneschden (20/04/2023) fir de Volume 2 vun The Luxembourg Jazz Session an d'Vitrinn ze stellen. An anere Wierder; et war genuch lass.

iTunesSpotify