Adriano Selva, Yves Desquiotz, Just About, Authentica a Fawldeer

08/12/2025
Adriano Selva, Yves Desquiotz, Just About, Authentica a Fawldeer
Play

Den Adriano Selva huet en nei Lidd dobaussen, eng Rocklab Session vun Just About an Authentica steet un an et gëtt nei Chrëschtmusek vum Yves & Guy.

Méindes Owes leeft bei eis um Radio d’Emissioun “Am Takt” an do geet et ëm d’Lëtzebuerger Musek. Den Adriano Selva huet seng nei Single “Amour Moderne” präsentéiert – heiranner geet et ëm d’Léift an den haitegen Zäiten. Eng Gesellschaft an där een sech séier verléift, mee wou d’Gefiller och grad sou séier erëm kënne noloossen. Dernieft huet hien eis erzielt, datt en sech an der franséischer Sprooch am wuelste fillt, den Adriano wäert dohier och déi nächste Lidder ëmmer nees op franséisch Sangen. Seng nei EP Amour Moderne kënnt de 6. Februar 2026 eraus.

Den Yves Desquiotz an de Guy Lepage si mat hirem Hit “Picon Béier” viral gaangen. Fir d’Chrëschtzäit hunn si elo en neit Lidd dobaussen: “Wann um Beemchen all Käerze blénken”. E Chrëschtlidd, dat an Italien op der Plage entstanen ass.

E Mëttwoch ass an der Rockhal eng Rocklab Session, do trieden dann “Just About” an “Authentica” op. Just About dat sinn d’Elya Craig an de Sven Sauber, op engem Open Mic Event hunn si sech kennegeléiert a maachen zanterhier gemeinsam Musek. Authentica, dat ass d’Martina Menichetti an hatt mëscht keltesch Lidd mat och engem Touch Folk.

Am Studio war och de Sascha Even, säin häerzensprojet ass “Fawldeer”. Hien ass Perkussionist an der Esch Musek an hei mat dësem Projet mëscht hien einfach genee déi Saachen, op déi hie Loscht huet. Mol ass dat Metal, mol sinn dat och méi roueg Saachen. Den 19.12 kënnt seng reng instrumental EP “Tides” mat 4 Lidder eraus.

iTunesSpotify