Episod 1 - Boxemännchen
De Boxemännchen gehéiert einfach an den Advent derbäi, an d’Anne mécht en extra säftege Boxemännchen mat enger festlecher Mandel-Kanéil-Fëllung!
Gefëllte Boxemännercher
Mécht 8 Boxemännercher – Preparatioun: 30min + 1h 15min opgoen – Schäffchen: 15 Min
620g Miel (T55)
100g Zocker
250ml Vollmëllech, wotlech
1 Hief Cube (42g)
100g Botter, geschmolt
2 Eeër
eng Pouz Salz
Fir d’Fëllung:
160g gemuelen Mandelen
50g Cassonnade
40g Orangeat, gehackt
1 Téiläffel Kanéil
eng Pouz Salz
1 Eewäiss
75g Aprikosegebeess
2 Iessläffel Waasser
1 Eegiel
1 Iessläffel Mëllech
24 Schockela-Chips
D’Miel, den Zocker an eng Pouz Salz an eng grouss Schossel ginn.
D’Mëllech an e Krou ginn an d’Hief dran zergrimmelen, réieren fir se opzeléisen.
D’Hiefmëllech an de geschmolte Botter bei d’Miel schëdden, an di 2 Eeër dran opklappen. Eng 5 Minutte mat der Kichemaschinn mam Kniethoken knieden, bis e glaten Deeg entsteet. Den Deeg an eng Boule formen an zréck an d’Schossel leeën, da mat engem Duch ofdecken a 45 Minutten bei Zëmmertemperatur opgoen loossen, sou dass den Deeg sech verduebelt.
Wärend där Zäit d’Fëllung preparéieren. D’Mandelen, Cassonnade, Orangeat, Kanéil an eng Pouz Salz an enger Schossel vermëschen. D’Ee trennen an d’Eewäiss an d’Schossel derbäi ginn – d’Eegiel op d’Säit stellen fir dono de Boxemännchen domat ze besträichen. D’Aprikosegebeess an 2 Iessläffel Waasser derbäiginn a mëschen – eventuell e bëssi méi Waasser derbäiginn wann et ze dréchen ass.
No 45 Minutten den Deeg op eng bemielten Arbechtsfläch ginn a kuerz knieden. An 8 Portiounen vu jeeweils 150g opdeelen. Vun all Portioun 30g oftrennen an an eng Boule formen – dat ginn d’Käpp.
Di reschtlech Deegportiounen eenzel zu engem Véiereck ausrullen a mat Fëllung besträichen. Dann op sech selwer oprullen fir eng Zoossiss ze kréien.
Ënnen an uewen vun der Zoossiss e laangen Schlitz aschneiden, sou dass den Deeg ausgesäit ewéi de Buchstaw “H”. Den Deeg op e Bakblech mat Bakpabeier hiewen an di ënnescht an iewescht Wuppen liicht ausernaanerzeien an dréien – sou dass d’Been an d’Ärem entstinn. D’Boule Deeg uewenhin leeën, fir dass e Kapp entsteet.
Mam reschtlechen Deeg widderhuelen, sou dass een 8 Boxemännercher op 2 Bakblecher kritt.
D’Bakblecher mat Dicher bedecken an d’Boxemännercher nach weider 30 Minutten opgoen loossen.
De Schäffchen op 200°C "Umluft" virhëtzen.
No 30 Minutten, d’Eegiel mat engem Iessläffel Mëllech opklappen an domat d’Boxemännercher douce besträichen. Jeeweils 2 Schockela-Chipsen als Aen op de Kapp leeën, an een op d’Broscht als Knapp.
D’Boxemännercher am Schäffchen fir 15 Minutte baken. Se op enger Hiertchen ofkillen loossen éier een se zerwéiert.
D’Boxemännercher schmaachen am beschten den Dag wou se gebak goufen. Se loossen sech och immens gutt afréieren.