Episod 2 - Mince Pies

Well d’Anne sou laang an England gelieft huet, gëtt et Chrëschtdag ëmmer Englesch Mince Pies.

Kleng bedeckten Täertercher déi mat enger gedréchenter Uebstmëschung gefëllt ginn.

Englesch Mince Pies

Fir 12 Mince Pies • Preparatioun: 1 Stonn. • Rouen: 24 h • Frigo: 1 Stonn • Schäffchen: 25 min.

Fir d'Fëllung:
80 g Roséngen
80 g Korinten
80 g gedréchent Quetschen
Zest vun 1 Zitroun
½ klengen Apel, gerappt
60 g Orangeat
80 g Botter, a kleng Stécker geschnidden
80 g brongen Zocker
1 TL Kanéil
eng Pouz Muskot
eng Pouz Ingwer Polver
80 ml Whisky

Fir den Deeg:
125 g Botter
60 g Pudderzocker
250 g Miel
1 Ee
3 Iessläffel kaalt Waasser
eng Pouz Salz

Fir d’Whisky Schlagsan:
175 ml Ram
35 g Pudderzocker
35 ml Whisky

D’Fëllung den Dag virum Baken vun de Mince Pies preparéieren: d'Roséngen, Korinten, Quetschen, Zitrounen zest, Apel, Orangeat an de Botter an enger Kichemaschinn zu enger Paste mixen. Den Zocker, d’Gewierzer an den Whisky dobäi schëdden an nach eng Kéier mixen. Alles an eng Schossel ginn an mat Klarsichtfolie iwwer Nuecht an de Frigo stellen.

Den Deeg den nächsten Dag virbereeden: de Botter, Pudderzocker, Miel, Ee, kaalt Waasser an eng Pouz Salz an der Kichemaschinn zu engem Deeg mixen. Zu enger Scheif formen, mat Klarsichtfolie apaken an eng Stonn an de Frigo leeën.

Den Deeg op eng Aarbechtsplack mat e bësse Miel ginn an ausrullen. 12 Scheiwen vun jeeweils 10cm erausstiechen an des an d'Lächer vun enger agefetter Muffinform leeën. De Buedem mat enger Forschette upicken an dann gutt mat Fëllung fëllen.

De Recht vum Deeg nach eng Kéier knieden an nei ausrullen an dorausser 6 Stären a 6 Häerzer ausstiechen, an domadder d'Mince Pies bedecken.

De Schäffchen op 170°C Ëmloft virhëtzen an d'Mince Pies 25 Minutten baken.
D’Mince Pies e bëssen ofkille loossen, ier een se mat Pudderzocker bestreet.

Wärend d'Mince Pies am Schäffche baken, d’Schlagsan maachen: d’Ram an e Krou schëdden, de Pudderzocker derbäi ginn a steif schloen. Soubal se steif gëtt, de Whisky dobäi schëdden. D’Schlagsan bis zum zerwéieren am Frigo kill halen.

D’Mince Pies mat engem gudde Flapp Whisky Schlagsan zerwéieren.

D’Mince Pies haale sech bis zu enger Woch. Se kënnen virum zerwéieren ganz einfach an der Mikrowell waarm gemaach ginn a loosse sech och gutt afréieren.