Episod 3 - Spekulatius fir un de Beemchen

Et gëtt keng Chrëschtzäit ouni Spekulatius, an dëst Joer kennt de Spekulatius beim Anne schéin dekoréiert un de Beemchen.

Spekulatius fir un de Beemchen

Mécht ca. 80 Kichelcher (jee no Gréisst) – muss iwwer d'Nuecht dréchnen – Schäffchen : 10min pro Blech

Fir den Deeg:
250 g Botter
140 g Pudderzocker
1 Ee
75 g gemuelen Mandelen
300 g Miel
5 Téiläffelen Spekulatius Gewierzmëschung (Rezept ënnendrënner)
eng Pouz Salz

Fir d‘Spekulatius Gewierzmëschung (mécht 10 Téiläffelen):
1 Iessläffel Kanéil
1 Téiläffelen gemuelenen Anis
¾ Téiläffelen gemuelenen wäisse Peffer
¾ Téiläffelen Ingwer Polver
½ Téiläffelen Koriander Polver
1 Téiläffelen Kardamom Polver
¼ Téiläffelen gemuelenen Muskot
¼ Téiläffelen gemuelen Neelcheskäpp

Fir d’Dekoratioun:
Op d'mannst 250 g Pudderzocker
Op d'mannst 5 Iessläffel Egg Nog
Liewensmëttel Faarf
Sprinkles

Fir d‘Spekulatius Gewierz einfach all Ingredienten an enger klenger Schossel mëschen.

De Botter a Wierfel schneiden a mam Pudderzocker vermëschen. D’Ee dobäiginn an erëm gutt mixen.

An enger separater Schossel d'Mandelen, d'Miel, 5 Téiläffel Spekulatius Gewierz a eng Pouz Salz vermëschen.

Dat Ganzt bei de Botter ginn a mixen bis e glaten Deeg entsteet.

Den Deeg an 2 Scheiwe formen, a Frischhaltefolie awéckelen a fir eng hallef Stonn an de Frigo leeën.

De Schäffchen op 170°C Ëmloft virhëtzen.

Den Deeg op enger bemielter Aarbechtsplack ausrullen.

Kichelcher mat festlechen Kichelchersausstiecher ausstiechen an op een, mat Bakpabeier bedeckten Blech leeën. Uewen jeeweils mat engem Stäbchen e klengt Laach picken (dorunner gi se dono opgehaange).

D’Kichelcher 10 Minutte baken bis se ufänke brong ze ginn. D’Kichelcher op enger Hiertchen ofkille loossen.

Soubal d'Kichelcher ofgekillt sinn kënne se dekoréiert ginn.

Fir d’Glasur Pudderzocker mat Egg Nog an Liewensmëttelfaarf vermëschen – dobäi sech un d’Proportiounen vun 50 g Pudderzocker op 1 Iessläffel Egg Nog halen, wat dann mat e puer Drëpsen Liewensmëttelfaarf gefierft ginn kann. Wann d'Glasur ze flësseg ass, méi Pudderzocker derbäiginn oder méi Egg Nog wann se ze steif ass.

D’Glasur entweder mat engem klenge Patisserie Pinsel oder mat Hëllef vun enger Sprëtztut op de Kichelcher verdeelen. Soulaang d'Glasur nach naass ass kann een Sprinkles driwwer streeën.

D’Glasur iwwer d'Nuecht fest gi loossen. Den nächsten Dag, e Fuedem duerch d'Lächer zeien an mat engem Knuet festmaan.

Fäerdeg ass Är séiss Dekoratioun fir de Chrëschtbeemchen.