Episod 4: Glühwäinmuffins
Am Dezember kënnt een einfach net laanscht e gudde Glühwäin, a beim Anne gëtt en haut a Kuche-Form zerwéiert, et ginn Glühwäinmuffins!
Mini Glühwäin Muffins
Mécht 30 Mini Muffins (oder 8 grousser) - Schäffchen: 12-25 Minutten
2 Eeër
eng Pouz Salz
100 g Botter, Zëmmertemperatur
100 g Zocker
1 Iessläffel Vanill Zocker
125 g Miel
1 Téiläffel Bakpolver
½ Téiläffel Kanéil
½ Téiläffel Kakaopolver
2 Iessläffel Rum
85 ml roude Wäin
50 g donkele Schockela
Fir d'Glasur:
120g Pudderzocker
¼ Téiläffel Kanéil
2 Iessläffel roude Wäin
Sprinkles, fir ze dekoréieren
De Schäffchen op 170°C Ëmloft virhëtzen. D'Eeër trennen an d'Eewäiss mat enger Pouz Salz steif schloen.
An enger grousser Schossel de Botter, Zocker a Vanillszocker vermëschen. Di 2 Eegiel drënner mëschen.
An enger separater Schossel d'Miel mam Bakpolver, Kanéil a Kakaopolver vermëschen. Lues a lues déi dréchen Ingredienten an d'Eeërmëschung schloen an de roude Wäin an de Rum dobäi schëdden.
Den donkele Schockela reng hacken an zesumme mam steiwen Eewäiss ënnert den Deeg hiewen.
Muffinformen mat Pabeier ausleeën an den Deeg gläichméisseg dra verdeelen.
Dat Ganzt am virgehëtzten Schäffchen fir 12 Minutte baken (oder 25 Minutten, wann Dir méi grouss Muffins maacht).
Wärenddeem d'Muffins ofkillen gëtt d'Glasur präparéiert: de Pudderzocker, Kanéil an roude Wäin an enger Schossel mëschen.
D'Muffins mat der Glasur dekoréieren an Sprinkles driwwer streeën. E puer Stonnen fest gi loossen éier een d’Muffins zerwéiert.