Episod 5: Chrëschtdags Pavlova

Bei deenen Meeschten gëtt et fir Chrëschtdag eng gutt Bûche, mee, d’Anne huet dëst Joer eng Alternativ Propose.

Wéi wier et mat enger herrlech liichter Meringue Pavlova mat Glühwäinbieren?!

Chrëschtdags Pavlova

Fir 6 Persounen – Preparatioun: 1 Stonn – Schäffchen: 1 ½ Stonn

Fir d’Meringue:
4 Eewäiss
eng Pouz Salz
200g Zocker
1 Téiläffel Esseg
1 Téiläffel Maizena
2 Téiläffel Vanillsextrakt

Fir d’Glühwäinbieren:
4 Bieren
500ml roude Wäin
120g Zocker
1 Kanéilsstaang
1 Iessläffel Schwaarz Pefferkären
3 Kardamomkapselen
3 Anäisstären

Fir de Mandelcroquant:
30g Zocker
2 Téiläffel Waasser
45g blanchéiert Mandelen

Fir d’Marzipan Schlagsan:
250ml Ram
30g Pudderzocker
e bëssi gerappten Tonkaboun

De Schäffchen op 120°C Umluft erhëtzen.

D’Eewäiss mat enger Pouz Salz an eng Schossel ginn a steif schloen. Weiderschloen an no a no Läffelweis Zocker ënnermëschen, dobäi ëmmer eng 30 Sekonnen dertëscht schloen sou dass all den Zocker sech opléist. Wann all den Zocker opgebraucht ass, den Esseg, Maizena an Vanillsextrakt ënnerschloen.

En Bakblech mat engem Bakpabeier beleeën an da mat Hëllef vun enger 23cm Springform e Krees anzeechnen. D’Meringue am Krees verdeelen, dobäi de Rand e bëssi méi héich maachen wéi d’Mëtt.

D’Meringue 1 ½ Stonn am Schäffchen baken. Dann de Schäffchen ausschalten an d’Meringue nach 2 Stonnen am Schäffchen ofkillen loossen.

Wärend där Zäit d’Bieren preparéieren. De roude Wäin, Zocker an d’Gewürzer an eng Kasserolle ginn an opwiermen. D’Bieren schielen, hallwéieren an de Batz rausschneiden, dann a Véierel schneiden. D’Bieren an de Wäin leeën an ongeféier 15 Minutte laang kachen, bis se mëll sinn. Vun der Kachplack huelen an am Wäin eng 2 Stonnen ofkillen loossen.

Fir de Mandelcroquant den Zocker an d’Waasser an enger Pan opkachen bis den Zocker ufänkt goldeg ze ginn. D’Mandelen ënnermëschen an weiderkachen bis den Karamell ufänkt e bëssi mi donkel ze ginn. Op e Stéck Bakpabeier schëdden an ofkillen loossen, dann grob hacken.

Fir d’Schlagsan d’Ram mam Zocker an e bëssi gerappter Tonkaboun steifschloen.

D’Meringue just virum zerwéieren assembléieren: d’Schlagsan op der Meringue verdeelen, d’Bieren drop arrangéieren an dann mat Croquant bestreeën.

TIPP: Dir kënnt all d’Elementer en Dag am Viraus preparéieren. Stellt d’Meringue an de Croquant op eng dreschen Platz, d’Bieren kennen bei Zëmmertemperatur am Wäin bleiwen an d’Schlagsan muss an de Frigo kommen.