Episod 6: Marzipan Spekulatius
Wann een Marzipan rifft, dann ass d’Anne ech direkt do! Haut weist d’Anne dass et mega einfach ass selwer Marzipan ze maachen.
An deen gëtt a Spekulatiusdeeg awéckelt, fir deen herrlechsten Chrëschtkichelchen vun der Welt…!
Mécht 30 Kichelcher – Schäffchen: 30 min.
100g Botter, Zëmmertemperatur
100g Cassonnade
1 Ee
200g Miel
½ Téiläffel Natron
4 Téiläffel Spekulatiusgewürz
eng Pouz Salz
Fir d’Marzipanfëllung:
130g Zocker
Zest vun 1 Zitroun
200g gemuelen Mandelen
1 Ee
2 Téiläffel Zitrounejus
60g Orangeat
eng Pouz Salz
1 Ee
1 Iessläffel Mëllech
30 blanchéiert Mandelen
De Botter mam Cassonnade an enger Schossel vermëschen, dann d’Ee derbäiginn a gutt mëschen. An enger zweeter Schossel d’Miel, Natron, Spekulatiusgewürz an Salz vermëschen a bei de Botter derbäiginn. Zu engem glaten Deeg mëschen, an eng Scheif formen, mat Frischhaltefolie awéckelen an fir eng Stonn an de Frigo stellen.
Wärend den Deeg am Frigo ass, d’Fëllung maachen. Den Zocker an d’Zitroun an eng Schossel ginn an tëscht de Fangeren reiwen fir e Maximum um Zitrounegout erauszekréien. D’Mandelen derbäiginn, zesummen mam Ee, Zitrounejus an enger Pouz Salz. Den Orangeat reng hacken an alles zu enger Marzipanpaste verschaffen.
No enger Stonn de Schäffchen op 170°C Umluft virhëtzen.
D’Aarbechtsplack bemielen an den Deeg zu engem Rechteck vun 35 x 25cm ausrullen. Längslech an der Haltschegt duerchschneiden, sou dass een zwee Rechtecker kritt.
De Marzipan an zwou laang Strulle vun 35cm ausrullen a jeeweils an d’Mëtt vun engem Rechteck leeën.
D’Ee mat dem Iessläffel Mëllech opklappen a jeeweils ee Rand vun den zwee Rechtecker domat besträichen. Den Deeg iwwert de Marzipan rullen, sou dass en mat dem Ee bestrachenen Rand opkënnt. D’Ränner gutt zesummepressen, dann all Strull an 2 schneiden a mat den Hänn e bëssen mi plattdrécken. D’Strullen op en Bakblech mat Bakpabeier ginn an mat der Eemëschung besträichen. Mandelen op all Strull verdeelen, an dann 30 Minutten am Schäffchen baken.
Wann se fäerdeg gebak sinn, d’Strullen op eng Hiertchen leen a komplett ofkille loossen. Wann se bis kal sinn, eenzel Kichelcher ofschneiden, sou dass op all Kichelchen eng Mandel ass.
Des Kichelcher halen sech 2 Wochen an enger Kichelcherskëscht.