Episod 7: Pesto Camembert Kranz
Lo tëscht de Feierdeeg ass ëmmer sou eng relax Zäit een nemmi weess wei en Dag vun der Woch et ass…
Mee d’Anne mécht sech natierlech schonn Gedanken em äert Silvester Iessen, an dowéinst baakt hat §haut en super Pesto Camembert Kranz, deen garantéiert de Star op all Silvesterparty gëtt!
Séissgromper a Pesto Camembert Kranz
Mécht 1 Kranz mat 11 Bréidercher (+ 2 kleng Bréidercher fir direkt z’iessen) – Opgoen: 1 ½ Stonn – Schäffchen: 25 Min
Fir d’Bréidercher:
125g Séissgromper
325g Miel
1 ½ Téiläffel frësche Romarin, gehackt
10g Zocker
1 Téiläffel Salz
90ml Mëllech, wotlech
10g Hief
40g Botter, geschmolt
1 Ee
wäisse Peffer
1 Camembert
Fir de Pesto:
30g Pistaschen, geschielt
30g Basilic
20g Parmesan, gerappt
1 kleng Knuewelekszéif, gepresst
40ml Olivenueleg
Salz a Peffer
30g Botter, geschmolt, fir ze besträichen
1 Iessläffel wäisse Wäin
Granatapelkären
D’Séissgromper mat enger Forschett op alle Säiten apicken an an der Mikrowell op héijer Stuf (800W) eng 7 Minutten laang kachen, bis se mëll ass. Ofkillen loossen, dann d’Fleesch rauskrazen.
D’Miel, den Zocker, Romarin, Salz an eng Pouz wäisse Peffer an eng grouss Schossel ginn. D’Mëllech an e Krou ginn an d’Hief dran opléisen.
D’Mëllech mam geschmolte Botter an dem Ee bei d’Miel schëdden an alles 5 Minutten laang zu engem glaten Deeg verknieden. Den Deeg zu enger Boule formen, zréck an d’Schossel leeën a mat engem Kichenduch ofdecken. Fir eng Stonn bei Zëmmertemperatur opgoe loossen.
Wärend där Zäit de Pesto maachen: all d’Ingredienten an e klenge Mixer ginn an zu engem Pesto mixen.
No enger Stonn den Deeg op eng bemielten Arbechtsfläch ginn a kuerz knieden. Zu engem Rechteck vun ongeféier 50x30cm ausrullen. De Pesto iwwert dem ganzen Deeg verdeelen, dann den Deeg an der Mëtt duerchschneiden sou dass een zwee Rechtecker vu 25cm kritt. Dann zu zwou Strullen oprullen. Di zwee onreegelméisseg Enner ofschneiden an dann de Rescht an 11 schéi Schnecken schneiden.
De Camembert op en Bakblech mat Bakpabeier leeën a mat engem Messer e puer mol apicken. 11 Schnecken ronderëm de Camembert arrangéieren, di zwee Wuppen dernieft setzen. Mat engem Kichenduch ofdecken an nach eng Kéier eng hallef Stonn opgoe loossen.
De Schäffchen op 180°C Umluft erhëtzen. D’Kichenduch vum Bakblech huelen an de Kranz 25 Minutte baken.
Soubal de Kranz aus dem Schäffche kënnt, mat geschmoltem Botter besträichen. De Camembert mat enger Forschett ëmréieren, de wäisse Wäin draschëdden an nach eng Kéier réieren, da mat Granatapelkäre bestreeën an zerwéieren.